ZeienopruffFir iwwer 20.000€ Kofferkabele op Schantjen zu Fléiber geklaut
Wéi d'Police mellt, goufen an der Nuecht op e Freideg op engem Schantjen "op der Fléiber", laanscht Kofferkabele am Wäert vun iwwer 20.000 Euro geklaut.
Verëffentlecht: 29.11.19 17:49, Update: 08.12.25 15:04
D'Police sicht an deem Kontext no Zeien, déi an der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg verdächteg Persounen oder Gefierer zu Fléiber oder am Raum Fridhaff/Lëpschent gesinn hunn.
Sämtlech Informatioune si fir d'Police vun Ettelbréck um 244841000 oder fir den 113.