
Déi 3 concernéiert Gemenge fannen awer keng gemeinsam Linn bei de Reegelen. Wärend d'Gemeng Esch-Sauer scho leschte Freideg e strikt Grillverbuet fir hir Plagen ordonéiert huet, ginn d'Nopeschgemenge Bauschelt a Stauséigemeng op en anere Wee.
An engem gemeinsame Communiqué beloosse si et bei engem Appell un d'Bierger fir opzepassen, fir responsabel ze sinn a fir e gewëssenen Zivismus un den Dag ze leeën.
Sou soll just a séchere Beräicher gegrillt ginn, d'Leit soll Läschmëttel bei Hand hunn, permanent oppassen an d'Äschen nimools an d'Natur geheien, speziell Behälter stéinge prett.
Dernieft solle keng Zigarettestëmp ewechgehäit ginn an net an héijem Gras geparkt ginn.
Well et ënnerschiddlech Positioune gëtt, plädéieren d'Schäfferéit vu Bauschelt an aus der Stauséigemeng fir eng besser regional Koordinatioun a Kommunikatioun mat kohärente Mesuren.
Déi richteg Plaz dofir wier d'Kommissioun "Uewersauer".