Face-à-face mam Lex Delles a Blanche WeberGoufen op der Tripartite an der Energiefro Chancë verpasst?

Claude Zeimetz
E Freideg waren d'Energiemesuren aus dem Tripartitesaccord Theema an der Emissioun "Face-à-Face".
Invité vun der Redaktioun Spezial: Face-à-Face mam Lex Delles a Blanche Weber
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Den Discours ronderëm d'Energie-Transitioun ass "absolut" net dat, wat mer eis erhofft haten a souguer kontraproduktiv, dat sot d'Blanche Weber e Freideg de Moien an eisem Face-à-Face mam Wirtschaftsminister Lex Delles iwwert den Tripartitesaccord. D'Sozialpartner si sech jo d'lescht Woch driwwer eens ginn, fir d'Energiepräisser alleguerte mat staatleche Subsiden ze reduzéieren.

D'Presidentin vum Mouvement écologique seet sech ferme enttäuscht doriwwer. Hei wier alles blann fir jidderee mat der Géisskan méi bëlleg gemaach ginn. Dat wier e komplett falscht Signal an dësen Zäiten. Allkéiers, wou den Ëmschwong op erneierbar Energie verschleeft gëtt, géif et d'Land an d'Leit duerno am Endeffekt just nach méi deier ginn.

Hie géif d'Argumentatioun verstoen, huet de liberale Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles geäntwert. Et hätt een op der Tripartite wéilten en equilibréierte Pak maachen. D'Zil wier gewiescht, datt d'Inflatioun gedréckt an d'Kafkraaft vun de Leit erhale gëtt. Et wier awer nu mol och e Fakt, dass et vill Stéit ginn, déi duerch Präishaussen um Masutt beispillsweis massiv mat Méikäschte konfrontéiert wären, sou den DP-Minister. Deen eenzege Wee, fir aus der Fal vun de fossille Brennstoffer erauszekommen, wier awer d'Energietransitioun. An déi géif onofhängeg vun der Tripartite viru gedriwwe ginn.

Gi mer awer lo d'Tankstell vun der Groussregioun?

Am Ufank vum Iran-Krich am Fréijoer hat d'Regierung nach sozial cibléiert Hëllefen annoncéiert. Dat wier och am Sënn vum Mouvement écologique gewiescht. Leit mat manner finanzielle Moyenen hätte roueg kënne vum Staat gehollef kréien, fir hiren Tank ze fëllen. Datt elo mat der Géisskan jiddereen déi fossil Brennstoffer subventionéiert kritt, wier awer ee fir allemol dat falscht Signal, huet d'Blanche Weber betount. Eis Präisbrems géif elo just méi Tanktourismus an d'Land bréngen. D'Lëtzebuerger Präisbrems op Diesel a Bensinn trëtt grad zu deem Ament a Kraaft wou den däitschen Tankrabatt ausleeft.

De 17. Mäerz hat de Lex Delles an der Chamber gesot, datt e Präisdeckel just méi e grousse Rush op d'Tankstelle géif mat sech bréngen an d'Fro opgeworf, ob een da bereet wier, mat Steiergelder an der Groussregioun Tankstell ze spillen. Wann d'Regierung hëllefe géif, fir d'Konsequenze vum Iran-Krich ofzefiederen, da géif een dat geziilt maachen, war virun dräi Méint nach de Credo.

Inflatiounsbekämpfung iwwert allem

Zil vun der Tripartite war et, d'Inflatioun an de Grëff ze kréien, sot de Lex Delles. Dat wär reng mat sozial gestaffelte Mesuren nëmme marginal méiglech gewiescht. Lëtzebuerg wier duerch den automateschen Indexsystem einfach spezifesch. An d'Regierung géif zum Index stoen. Schwaarz-Blo wollt an dëser ugespaanter Diskussioun effektiv e séieren Accord mat de Sozialpartner fannen. Eng Indexdiskussioun hätt dee sécher méi wéi a Fro gestallt. Duerch d'Reduktioun vun den Energiepräisser (Masutt, Diesel, Bensinn, Gas a Stroum) huet de Statec ausgerechent, datt mer an engem mëttleren Zenario sou just laanscht eng zweet Indextranche an Zäit vun 12 Méint kommen.

Mesurë fir d'Energietransitioun ginn dem Mouvement écologique bäi wäitem net duer

Et wier "extrem frustréierend" wat am Tripartite-Accord a punkto Energietransitioun steet, huet d'Blanche Weber e Freideg de Moien an der Diskussioun bedauert. Konkret wënscht sech d'Ëmweltorganisatioun e Prefinanzementssystem bei de Wäermepompelen. Sou wéi et en zanter Uganks dës Joers bei de Photovoltaik-Anlage gëtt. Et géifen och nach ëmmer Gemengen, déi Wäermepompele bei sech verbidden, sot d'Presidentin vum Mouveco. Si hätt gehofft, datt d'Tripartite och un alles dat dru gaange wier.

Dem Lex Delles no wier den Inneminister effektiv amgaangen, d'Reglementer z'iwwerschaffen. Do wier een un der leschter Finaliséierung.

De Minister huet och erkläert, d'Regierung hätt bewosst Wäert drop geluecht, fir grad de Stroumpräis niddreg ze halen, fir datt d'Leit en Ureiz hunn, fir fort ze komme vun de fossillen Energien. Et wier alles an allem eng Baisse vun 11 Cent wann een dem Staat seng Bedeelegung bei den Netzkäschte matrechent. Datt d'Präisbaisse beim Stroum ee Mount méi spéit a Kraaft trëtt, wéi d'Baisse vun den Accisen op Bensinn an Diesel, hätt technesch Grënn.

Invité vun der Redaktioun Spezial: Face-à-Face

Back to Top
CIM LOGO