Um an ëm den Iechternach Séi ass d'Police e Sonndeg am fréien Owend amgaangen, nom vermësste Jong ze sichen, deen géint 15.45 Auer fir d'Lescht um Séi zu Iechternach gesi gouf. Nieft de Patrullen um Buedem ass och den Helikopter vun der Police am Asaz, fir sech e Bléck vun Uewen ze verschafen. Och d'Hondsstaffel vun der Croix Rouge an d'Rettungstaucher sinn op der Plaz am Asaz.
Vun der Police heescht et kuerz no 20 Auer, datt een all Méiglechkeet, wou de Jong kéint higaange sinn, nogeet. Esou gëtt net just um Séi selwer nom Jong gesicht, mä och ronderëm, an Iechternach a wuel och op der Iechternacherbréck, also der däitscher Säit, wou géint 21.15 Auer op Lëtzebuerger Polizisten nom vermësste Jong gesicht hunn.
D'Sich war um Séi och nach no 21 Auer aktiv, du waren d'Fräschemänner awer nees aus dem Waasser eraus, wéi et schéngt ouni eppes fonnt ze hunn, heescht et vun der Plaz. Police a CGDIS, wéi och den Helikopter, sichen awer nach ëmmer weider.