
Bannent ronn enger Woch sinn eng 42.000 Hektar Land ronderëm Bordeaux de Flamen zum Affer gefall, eng 222.000 Leit goufen deplacéiert. Zanter e Samschdeg sinn d'Flamen ënner Kontroll, ma fir datt dat esou bleift, muss den Terrain surveilléiert ginn an do nogeläscht ginn, wou aus Hëtzt an d'Dréchent mat Hëllef vun e bësse Wand séier nees ee Feier kéint entsoen.

Dowéinst sinn och ëmmer nach Ekippen aus Lëtzebuerg op der Plaz, fir déi franséisch Pompjeeën an hiren Efforten ze ënnerstëtzen. An engem Post vun de "Sapeurs Pompiers de Moyeuvre Grande" ass ze gesinn, wéi d'Lëtzebuerger Pompjeeën an den Iwwerreschter vun engem Bësch, deen elo méi enger Moundlandschaft gläicht, noläschen.
Lëtzebuerg hat e Mëttwoch ee Läschfliger a 15 Pompjeeën an déi franséisch Gironde geschéckt, déi sech enger Unitéit vun der Moselle ugeschloss hunn. Et war virgesinn, datt den Asaz ronn eng Woch laang sollt daueren. De franséische President Emmanuel Macron hat Lëtzebuerg fir de grenziwwergräifenden Asaz Merci gesot.