
Vill Asätz fir d'Police an de leschte Stonnen. Iwwer 60 Mol ass d'Police geruff gi wéinst Kläppereien, Streidereien oder Kaméidi. An de meeschte Fäll hat sech d'Situatioun awer scho gekläert wéi d'Beamten op der Plaz ukomm sinn oder konnt nach sur place gekläert ginn, schreift d'Police e Samschdeg de Moien an hirem Bulletin.
E Freideg am spéiden Nomëtteg gouf et an der Rue Adolphe Fischer an der Stad eng Meenungsverschiddenheet tëscht Automobilisten. Wéi et heescht, hätt d'Affer zu engem méi spéiden Ament säi Gefier geparkt a wier aus dem Gefier erausgeklommen, doropshi wieren och zwou Persounen aus dem anere Gefier erausgeklommen an hätten de Mann geschloen. De Mann gouf un der Lëps verwonnt. Eng Enquête vun der Police leeft.
An der Route de Thionville um Houwald krut d'Police e Freideg géint 15:00 Auer gemellt, datt sech eng staark alkoholiséiert Persoun an engem Bus donieft behuele géing. Och de Beamte géintiwwer war de Mann äusserst gereizt a konnt sech kaum op de Been halen. Hie gouf aus dem Bus eskortéiert an op Grond vu sengem Zoustand an d'Klinick bruecht. Hei huet hie sech och donieft beholl. Hie koum méi spéit an den Arrest.
An der Nuecht op e Samschdeg goufen och op e puer Plazen am Land Alkoholkontrolle gemaach. Notamment an der Stad, zu Wäiswampech, Ëlwen a Wëntger. 341 Automobiliste goufe kontrolléiert. Bei 14 Chauffere war den Alkoholtest positiv. A fënnef Fäll gouf de Permis direkt agezunn. Donieft gouf et aacht Mol en Avertissement taxé wéinst Verstéiss géint de Code de la route.