
D’Präisser vun den eeleren Haiser – an hei geet et ëmmer ëm déi affichéiert Präisser an den Annoncen - si liicht erop gaangen, ëm 2,7%. D’Appartementer par konter sinn ëm 1.4% méi bëlleg ginn. Déi nei Appartementer bleiwe stabel.
D’Loyeren dann, déi gi weider an d’Luucht.
Op ee Joer gekuckt ass et eng Hausse vu 6,6% fir d’Haiser a 4,2% fir d’Appartementer.
atHome nennt Duerchschnëttsloyere vun 3.655 Euro de Mount fir en Haus, respektiv 1.932 Euro fir en Appartement.