
Am Lokale mellt de CGDIS zwou Interventioune vun e Freideg den Owend. Kuerz no 19:30 Auer huet d'Maschinn vun engem Bauer zu Simmer gebrannt. Am Asaz waren de CIS Habscht, Mamer an Tënten an eng Ambulanz vu Mamer.
Kuerz virun Hallefnuecht e Samschdeg hunn d'Pompjeeën e Feier um Kierchbierg geläscht. An der Rue Jean Monnet war et zu engem Vegetatiounsbrand komm. Hei war de CIS aus der Stad alarméiert ginn.
Bei béiden Asätz ass kengem eppes geschitt.