
D'Beem hunn den Ament richtege Stress, besonnesch déi, un deenen Uebst hänkt. Dat huet de President vum Lëtzebuerger Uebstbauveräin e Freideg den Owend op der Generalversammlung ënnerstrach. D'Hëtzt an dat dréchent Wieder sinn dëst Joer eng enorm Erausfuerderung. Wéi d'Recolte gëtt weess een nach net, mä et ass méiglech, datt en Deel vum Uebst erof fält an et gëtt de Risiko vu Sonnebrand.
Genee, mat Sonnebrand ass net just de Mënsch geplot, mä et ass och e Problem beim Uebst, explizéiert de Jean-Claude Muller, de President vum Lëtzebuerger Uebstbauveräin: "Den Apel, ech huelen deen als Beispill, deen ass der Sonn exposéiert, an do, wou d'Sonn de ganzen Dag drop knuppt, ginn et Temperaturen iwwer 60, 70 Grad. Den Apel verbrennt da richteg, e gëtt brong a fänkt un ze faulen."
Dobäi ass d'Sonn jo eigentlech gutt fir d'Uebst, se léisst et extra séiss ginn, kéint een op d'mannst mengen, mä dofir mussen d'Beem genuch Waasser kréien. Den Ament muss genat ginn a vill Betriber mussen op Drénkwaasser zeréckgräifen. Si bedaueren dat, hätte léiwer aner Léisungen an hunn där och scho proposéiert. "Mir mussen an Zäiten, an deene mer Reewaasser am Iwwerfloss hunn, dat huelen, do maache mer der Natur, de Flëss, de Baache kee Schued, a stockéieren, fir datt mer et an Zäite wéi elo notze kënnen. Dat ass extrem wichteg a mir mussen an deem Dossier virukommen. Ech maachen och e ganz waarmen Opruff un d'Politik, dass mer wierklech do an d'Gäng kommen, dass mer dat och kënne finaliséieren."
U wat et hänkt, datt et nach net klappt, wier schwiereg ze soen, esou de Jean-Claude Muller. D'Landwirtschaftsministesch an hir Verwaltunge wiere prett, mä de President vum Uebstbauveräin nennt den Ëmweltministère. D'Martine Hansen seet och, dat léich net direkt an hirem Beräich. "Et ass d'Kompetenz vum Ëmweltberäich, mä et ass eis alleguer kloer an och der Regierung kloer, datt d'Uebstbaueren, genee wéi eis Geméisbauere Waasser brauchen an ech gi Recht, mir mussen do méi séier virukommen, fir datt där Opfangbecke méi einfach kënnen autoriséiert ginn, well ouni Waasser, virun allem an där Zäit wou mer elo sinn, komme mer mam Uebst- a Geméisbau net virun. Mir brauchen d'Waasser."
Och am neien Agrargesetz soll den Uebstbau mat enger gekoppelter Primm weiderhin ënnerstëtzt ginn. Dat gëtt et schonn, mä et kéim een net esou viru wéi ee sech dat géif wënschen, seet d'Landwirtschaftsministesch. Dofir soll analyséiert ginn u wat dat läit a wat ee besser maache kann. De Secteur huet Hausaufgabe fir den nächsten Agrardësch kritt, deen Enn dëst Joer ass.