Gemenge setzen se deelweis anKeng Taxe de séjour op nationalem Niveau

RTL Lëtzebuerg
Dat geet aus der Äntwert vum Wirtschaftsminister Lex Delles an dem Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro ervir.
© Gemeng Lëtzebuerg

11 Gemengen hunn eng Taxe de séjour, mee d’Regierung plangt keng esou eng Taxe op nationalem Niveau. Dat geet aus der Äntwert vum Wirtschaftsminister Lex Delles an dem Inneminister Leon Gloden op eng parlamentaresch Fro vum ADR Deputéierten Tom Weidig en Dënschdeg ervir.

An engem Tableau schlësselen d'Ministeren d'Recettë vun der Taxe de séjour an den 11 Gemengen, déi se hunn op: Wäit vir ass d'Stad Lëtzebuerg mat 3,6 Milliounen Euro d'lescht Joer, op zweeter Plaz Esch mat just 160.000 Euro an op drëtter Plaz Réiser mat 109.000 Euro. Véier Gemenge weisen keng Recetten un, iwwerdeems Mamer virun 3 Joer knapp 40 Euro duerch hir Taxe de séjour erakrut.

Am Sënn vun der Gemengenautonomie bestëmmen d'Gemengen ewéi se hir Taxe de séjour applizéieren an d'Recetten dovunner benotzen. D'Stad Lëtzebuerg huet 2014 eng Tax vun 3% (vun de Montanten vun der Locatioun hors TVA) agefouert. Leit, déi an engem Hotel, an enger Auberge oder Familljenheem sinn an net am Populatiounsregester ugemellt sinn, mussen déi Tax bezuelen.

D'Regierung hätt keng Donnéeën zum Impakt vun der kommunaler Taxe de séjour op d'Attraktivitéit oder Kompetitivitéit vum Horeca Secteur oder der Lëtzebuerger Tourismusbranche, esou nach d'Ministeren.

Back to Top
CIM LOGO