
"Ganz warscheinlech" ass de Sans-abri, deen e Samschdeg 20. Juni an engem Haff op der Stater Gare verscheet war, un de Suitte vun der extremer Hëtzt ëmkomm. Dëst huet de Parquet de Kolleege vum Wort op Nofro confirméiert, nodeems d'Tageblatt* e Méindeg doriwwer geschriwwen hat. De Parquet präziséiert awer och, datt sech net mat absolutter Sécherheet determinéiere léisst, wat d'exakt Doudesursaach vum Mann war.
Wéi virun 2 Méint d'Läich vum 75 Joer ale Mann an der Stroossbuerger Strooss fonnt gouf, war séier d'grouss Hëtzt als Ursaach fir d'Verscheede vum Sans-abri an d'Diskussioun komm. D'Thees vun der Hyperthermie als Doudesursaach confirméiert deemno lo de Parquet, nodeem d'Autopsie ofgeschloss gouf an d'Resultater bekannt sinn.
Wéi et am Juni ewell rapportéiert gouf, war deemools eng Policepatrull an der Mëttesstonn beim Mann passéiert, deen an der praller Sonn geschlof huet, mee et gouf net weider intervenéiert, well et "à première vue" keng gesondheetlech Problemer oder Urgence goufen. Am fréien Owend gouf d'Police nach emol op d'Plaz geruff: du war de Mann dout.
*D'Tageblatt hat e Méindeg schonn en Artikel mat der Informatioun vum Parquet.