
Zweemol d'Woch mécht de gréisste Cent Buttek am Land op. Scho virun der Ouverture um 14 Auer am Nomëtteg sti Leit virun der Dier ze waarden. Net well et soss näischt méi gëtt, mee well si e méi grousse Choix wëllen hunn, erkläert de Papp vun zwee Kanner.
D'Benevollen, déi am Cent Buttek schaffen, mussen hir Produiten opdeelen; ass d'Kéisthéik gutt gefëllt, kann een deenen éischte Clientë méi ubidden. Gëtt et net esou vill, muss een ongeféier aschätzen, wéi vill Leit nach kéinte kommen an eppes iwwreg loossen, och wann dann natierlech net méi vill Auswiel do ass. Eng 80 Leit kommen an engem Nomëtteg fir hir Familljen akafen. De Pik, esou d'Monique Richter, war wärend der Pandemie, wéi et bis zu 120 Passagen den Dag gouf. Si ass responsabel fir de Beetebuerger Buttek an antëscht scho 15 Joer dobäi. 20 Stonnen d'Woch engagéiert si sech am Buttek. An do ass nawell vill ze maachen.
Besonnesch bei de frësche Produiten ass de Cent Buttek op déi agreéiert Supermarchéen ugewisen, déi hir Saache kuerz virum Oflafdatum wëlle spenden. Fir déi Wuere sichen ze goen, sinn d'Chaufferen an der Ekipp zoustänneg, wéi den André Eiden. Och hien ass scho ganz laang dobäi a bemierkt an der Lescht, dass d'Produiten ëmmer manner ginn. Och d'Supermarchéë kafe méi geziilt an oder versichen d'Wueren an der Promotioun nach ze verkafen. "Wa mir d'Wuere kréien, dann ass et wierklech um leschte Stëppel, wou se mussen erausgoen".
Dofir ass den Triage no der Collecte e wichtege Bestanddeel vun der Aarbecht. "Moies wäerte mer bestëmmt eng 15 Leit hei lafen hunn", seet d'Monique Richter, "an da mëttes 12 erëm am Asaz". Am Ganze wiessele sech hei eng 60 Benevollen of.
Mat den aneren zwee Butteker an der Stad an an der Gemeng Péiteng zielt d'ASBL ronn 130 Benevollen. De Gros vun hinnen ass an der Pensioun, esou d'Romaine Goergen, Vize-Presidentin vun der Associatioun Cent Buttek. "Mir verléieren natierlech ëmmer duerch den Alter, déi déi ze al sinn oder net méi vill hiewe kënnen. Dofir si mir ëmmer op nei Leit ugewisen". Virun dräi an engem hallwe Joer war de René Casagrande ee vun deenen Neien. "D'Leit si scho reservéiert iwwert hir Situatioun", zielt hien hannert der Théik, wéi een Ament keng Leit do sinn. "Ech stellen och fest, d'Leit kommen net nëmme fir Wueren ze kréien. Si komme schonn och fir dat Soziaalt, fir zwee Wierder auszetauschen. Dat ass schéin."
Déi sozial Epicerie ass méi wéi eng Plaz fir anzekafen. Bal 500 Famillje passéiere pro Mount eleng am Beetebuerger Buttek, 900 op deenen dräi Plazen zesummen, esou de President Arthur Besch. Déi 3 Butteker versuergen am Ganze ronn 5.600 Persounen. Zweemol de Mount kënnen d'Leit fir sech an hir Famill akafe kommen. Zu Beetebuerg dierf ëmmer just een Erwuessenen duerch de Buttek goen. Beim Agank stinn dowéinst oft nach Familljemember, déi matkomm sinn, fir duerno ze hëllefen, d'Akeef heem ze droen. D'Accessibilitéit, besonnesch ze Fouss oder mam ëffentlechen Transport, ass fir déi sozial Epicerie dofir immens wichteg, do si sech déi Benevolle an och d'Beneficiairen eens. Op Nofro bei der Gemeng krut RTL confirméiert, dass de Cent Buttek bis op Weideres am Zentrum, net wäit vun der Gare, bleiwe kann. De Bail wier verlängert ginn, heescht et schrëftlech.
Wien heihinner dierf akafe kommen, dat entscheet den zoustännegen Office social. Gekuckt gëtt, wéi vill d'Leit um Enn vum Mount iwwreg hunn, erkläert d'Responsabel vum Buttek, nodeems d'Fixkäschte wéi de Loyer ofgaange sinn. Da kréie si eng Kaart, déi si an der Entrée vum Buttek musse weisen. De System, deen d'Kaart scannt, erfaasst eng anonym Nummer a weist de Mataarbechter dann, fir wéi vill Persounen dierf akaaft ginn. All dräi Méint gëtt d'Situatioun evaluéiert an d'Kaart bei Bedarf erneiert. De Beetebuerger Buttek ass zoustänneg fir d'Leit aus X Gemengen. Eeler Leit, elengerzéiend Elteren oder grouss Famillje wieren am heefegste betraff. Op der Plaz soen d'Leit sech immens dankbar iwwert déi Hëllef. Verschiddener komme scho jorelaang, anerer eréischt e puer Méint.
"De beschte Moment ass eigentlech wa Leit eng gewëssen Zäit kommen an engem da matdeelen, dass et de leschten Dag ass", esou de René Casagrande, "Well si dann eng Aarbechtsplaz hunn a verdéngen an net méi drop ugewise sinn, fir bei eis laanschtzekommen. Dat ass jo d'Zil."