Invité vun der Redaktioun (22. Juni) - Laurent ZeimetSpezialkommissioun soll "Tripartitesaccord ëmsetzen, net opschaffen"

Pierre Jans
E Méindeg de Moie war ënnert anerem d'Chamber-Spezialkommissioun "Tripartite" Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Laurent Zeimet
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Zanter leschter Woch presidéiert den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet an der Chamber d'Spezialkommissioun "Tripartite". Hien huet am Interview de Premier Luc Frieden verdeedegt an och d'Canicule kommentéiert.

D'Missioun vun der Tripartite-Spezial-Kommissioun wär et, Gesetzer op Basis vum Accord tëscht Regierung a Sozialpartner auszeschaffen, esou de President Laurent Zeimet.
D'Missioun wär et net, fir d'Tripartite u sech opzeschaffen.

Virop d'Sam Tanson vun déi gréng hat d‘lescht Woch awer beklot, dass d‘Majoritéitsparteien an der Kommissioun all Diskussiounen iwwer d‘Mesuren, déi op der Tripartite decidéiert goufen, ofgeblockt hätten. De Laurent Zeimet kéint et novollzéien, dass d‘Deputéiert virun allem vun der Oppositioun d‘Regierungsaarbecht wéilte kritesch hannerfroen.

Ma beim Tripartite-Format géif eben d‘Regierung d‘Ofkommes mat de Sozialpartner aushandelen. Als Deputéierte kéint een zwar da géint d‘Gesetzer stëmmen, mä da misst een och mat de Konsequenze liewen, well d‘Mesurë jo dann deemno wéi net ëmgesat kéinte ginn. Den CSV-Fraktiounschef wëll soen: Da wär och de Sozialdialog nees beschiedegt.

Déi éischt vun den am ganze 16 Texter mussen nach virun der Summervakanz an der Plenière gestëmmt ginn.

Finanzielle Sputt do

D‘Bäihëllef beim Präis vu Bensinn an Diesel wär effektiv aus dem Aspekt Klimawandel net ganz nohalteg, gëtt den CSV-Fraktiounschef zou. Allerdéngs geet et bei de 5 Cent de Liter, déi de Staat beim Bensinn an Diesel iwwerhëlt, ëm eng Mesure,fir d‘Inflatioun ze bremsen.

An de Laurent Zeimet huet ze bedenke ginn, dass d‘Hëllef ewechfält, sollten d‘Präisser op der Pompel op den Niveau vu virum Krich am Februar zeréckfalen. Den CSV-Politiker ass awer virsiichteg: Den Deal tëscht den USA an dem Iran géif grad emol ausgehandelt ginn. En Enn vum Konflikt wär nach net honnertprozenteg sécher.

Finanzielle Sputt fir déi 450 Milliounen Euro, déi de "Resilienzpak" déi nächst zwee Joer kascht, wär senges Wëssens no effektiv do. D'Recette géife sech gutt entwéckelen, huet de Finanzminister jo erkläert.

De Laurent Zeimet hofft, dass dat esou bleift.

Luef fir Frieden a Roth, Kritik um Éierestaatsminister

De Laurent Zeimet huet säin CSV-Parteikolleeg a Premier verdeedegt. Hie wär e Mann, deen iwwerleet ier en handelt, dat géif hien um Luc Frieden schätzen.

Natierlech hätt hien den Tripartitesaccord gebraucht, an "alles dofir gemaach", dass d‘Tripartite e Succès war, wäerten d'Leit him héich urechnen, mengt den CSV-Fraktiounschef. Dat kéint sech och an den nächste Sondagë weisen.

De Finanzminister Gilles Roth, dee sech am leschte Politmonitor bei Kompetenz a Beléiftheet eng Plaz virum Finanzminister klasséiert hat, krut och Luef vum Laurent Zeimet.

Den Éierestaatsminister Jean-Claude Juncker hat d‘lescht Woch an der RTL-Emissioun Background d‘Aarbecht vun der aktueller Regierung kritesch analyséiert. Ënnert anerem hat hie gesot, den "S" fir dat Soziaalt géif an der CSV aktuell e wéineg ze kuerz kommen.

Och de Fait, dass de Luc Frieden a Personalunioun Premierminister a President vun der CSV ass, hat de Jean-Claude Juncker hannerfrot. D‘Reaktioun vum Laurent Zeimet fält decidéiert aus: Als fréiere Premier sollt een net méi ze vill kommentéieren, wat den Nofollger mécht.

"Schärp hält gutt waarm"

De Laurent Zeimet huet bei der Gestioun vun der Hëtzt op d'Gemengenautonomie verwisen. Fir déi Responsabel vun enger Märei wär dat net ëmmer einfach. Vu Plaz zu Plaz misst dann decidéiert ginn, op d'Infrastrukture kill genuch sinn, fir zum Beispill Schoul kënnen ze halen.

Ass dat plazeweis net de Fall, ass et fir de fréiere Beetebuerger Buergermeeschter legitim, dass mëttes schoulfräi ass.

Et sollt ee wéinst der Alerte rouge net a Panik verfalen. De Klimawandel wär manifest, esou de Laurent Zeimet. Dofir missten d'Land a seng Politik sech no an no awer konsequent un déi nei Realitéit upassen.

Stéchwuert Resilienz. An deem Sënn wär et gutt, dass eng Cellule an d'Liewe geruff gouf, fir d‘Risiken ze bewäerten, wärend dëser Canicule. Eng Panik-Cellule wär dat allemol net, esou de Laurent Zeimet.

Op Nationalfeierdag, fir déi zivil Zeremonie an der Philharmonie, ass och fir d‘Deputéiert de Frack eng Flicht. Ma virun allem d‘Schärp, déi "hält esou richteg gutt waarm", huet de Laurent Zeimet gegeckst.

Ma dat wär eben esou an et géif Leit ginn, déi et méi schwéier hunn, esou den CSV-Fraktiounschef.

Invité vun der Redaktioun: Laurent Zeimet

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO