
Géint 17:30 Auer gouf e Freideg den Owend ee Mann an der Rue Pierre Maisonnet zu Bouneweg vun zwou Fraen iwwerfall. Wéi de Mann aus engem Bus geklomm ass, gouf hie vun deenen zwou Fraen ugeschwat, ofgelenkt an an den Aarm geholl, woubäi si him eng Kette vum Hals geklaut hunn. Wéi de Mann sech gewiert huet, sinn déi Onéierlech fortgelaf. Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.
D'Police mellt dann och zwee Abréch. E Freideg den Owend si kuerz no 23:00 Auer Onéierlecher an der Rue Dr Orphée Bernand zu Diddeleng an een Eefamilljenhaus agebrach. Et ware warscheinlech dräi Täter, déi iwwert eng iwwerdaachten Terrass op de Balcon geklomme sinn an do eng Fënster opgehiewelt hunn.
Tëscht 13:00 Auer a 16:40 Auer gouf zu Useldeng an een Eefamilljenhaus agebrach. Hei sinn d'Täter duerch eng Fënster vun der Veranda erageklommen. A béide Fäll leeft eng Enquête.
Mann op der Stater Gare am Arrest gelant
Kuerz no Hallefnuecht e Samschdeg huet d'Police an der Avenue de la Gare an der Stad eng Persoun gesinn, déi bei Rout iwwer d'Stroosse gaangen ass. Wéi d'Beamten de Mann op säi Verhale wollten opmierksam maachen, huet dëse mat der Fauscht op de Capot vum Policeauto geschloen. Den alkoholiséierte Mann huet sech géintiwwer der Police onkooperativ a proaktiv verhalen. Wéinst dësem Verhalen ass hien no enger medezinescher Kontroll an den Arrest komm.
An dann ass e weidere Mann am Arrest gelant. Hie war an der Rue de la Poste an der Stad net an e Lokal erakomm. Well de Mann sech aggressiv verhalen huet, gouf hie bis d'Police op der Plaz war vun der Security festgehalen.