Et waren effektiv relativ onroueg Zäiten. No den Departe vum fréiere President a vum fréieren Direkter, déi allebéid d'Gouvernance kritiséiert haten, wier d'Zesummenaarbecht tëscht Verwaltungsrot an Direktioun haut besser, och wann d'Gesetz d'Kompetenze vun den eenzele Gremien net däitlech genuch definéiert. Dat sot de President vun der Alia e Freidegmoien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Marc Glesener erkläert, dass d'onofhängeg Autoritéit fir audiovisuell Medien net dofir do ass, de Journalisten op d'Fangeren ze klappen, dat wier d'Aufgab vum Presserot: "Mir iwwerwaachen am Endeffekt d'Programmer. Dat sinn iwwer 400 Stéck. Also net nëmmen, datt déi a Lëtzebuerg ausgestraalt ginn, mee och där, wou de Sëtz vun der Firma [...] zu Lëtzebuerg doheem ass [...]. Dat ass also e Koup Aarbecht." Haaptsächlech de Jugendschutz géing gekuckt ginn, och Dignité humaine an dann e ganz grousse Volet vun der Publicitéit, wou et kloer Spillreegele ginn.
Mat der geplangter Medie-Reform kritt d'Alia nei Aufgaben. Nieft dem audiovisuelle Beräich soll d'Autoritéit an Zukunft och fir de Print, d'sozial Medien, a deemno Influencer responsabel ginn. Och Kënschtlech Intelligenz misst si dann an Zukunft iwwerwaachen: "Wou d'Alia zoustänneg gëtt fir alles, wat Deepfake sinn, also déi hefteg verännert an net der Realitéit entspriechend Videoen oder Biller, datt déi uerdentlech gekennzeechent ginn, datt dat dem Publikum bewosst ass, mat wat se do ze dinn hunn." Donieft misst een an Zukunft dann och political advertisement, also politesch Reklamm kontrolléieren: "Dir kënnt Iech erënneren, a Rumänien ass viru Kuerzem eng Wal annuléiert ginn, wéinst Aflossnam iwwer TikTok, déi vum Ausland gesteiert war. Fir esou Saachen ze verhënneren, respektiv fir Analysen ze maachen, ob esou Saache stattfannen oder net."
Eleng fir de Volet vun der politescher Reklamm an den Deepfakes ze kontrolléieren, bräicht ee schonn zwee bis dräi Leit, déi sech just dorëms bekëmmeren, erkläert de Marc Glesener. Et hätt een d'Elipp elo op 15 Leit op Vollzäit-Plazen opgestockt, dorënner wiere vill Juristen, well déi Dossieren, déi ee behandele misst, ëmmer méi e juristesche Background hunn. Mee "dat kann net duergoen", sou de President vun der Alia."Wann een e Medien-Standuert ass, an et huet een eng Autoritéit, da muss een déi Autoritéit och esou féieren, wéi et muss sinn. Ech muss soen, datt mer do awer op vill Verständnis bei der Politik stoussen, mee mat deem, wat virgesinn ass, geet et menger Meenung nach net duer." Fir eng effikass Kontroll a Begleedung vun de Medien-Acteuren wier weider personell Verstäerkung néideg.
Am Kader vun der Reform sollen déi maximal Geldstrofe vu 25.000 op 250.000 Euro klammen. Fir de Marc Glesener ass dat zwar e Schrëtt an déi richteg Richtung, mee Sanktioune géifen nëmmen dann eng Wierkung hunn, wann och genuch Leit disponibel wieren, fir Verstéiss ze kontrolléieren an Dossieren ze behandelen.
D'Alia iwwerwaacht ënner anerem Videosharing-Plattformen a geet géint Verstéiss beim Schutz vu Mannerjäreger vir. Laut dem President stoussen déi aktuell Strof-Méiglechkeete vun 25.000 Euro awer séier un hir Grenzen, wann et ëm grouss international Konzerner geet. Hie plädéiert dofir fir méi eenheetlech europäesch Reegelen, fir Reguléierungs-Lächer ze vermeiden.
Wat de laang vakante Posten am Verwaltungsrot ugeet, huet de Marc Glesener confirméiert, datt eng Persoun designéiert gouf an déi administrativ Prozedure lafen. Op Nofro wollt hien den Numm net offiziell bestätegen, huet awer ugedeit, datt d'Informatioune vun de Medien dozou net falsch wieren. Reporter hat de Numm vum Marc Lis vun der Agence MyConnectivity an d'Spill bruecht. "Dat kann ech net dementéieren", sou de President vun der Alia.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.