
D‘UEL, also d‘Unioun vun den Entreprisen hei am Land, wäert weider evoluéieren. Dat huet de Marc Lauer en Dënschdeg de Moien als Invité vun der Redaktioun betount.
De President vum Foyer ass jo designéierten Nofollger vum Michel Reckinger als President vun der UEL. De Wiessel ass op den 1. Oktober ugesat. E Patron aus dem Handwierk mécht Plaz fir en Assurance-Mann, ma dee verséchert hie géif net nëmmen d‘Servicer kennen, mee och d‘Handwierk. Dem Marc Lauer seng Elteren haten eng kleng Metzlerei.
Dobäi kéim och, dass d‘UEL dräi Sujete behandelt, déi fir all Betriber aus alle Secteure wichteg sinn: Steieren, Aarbechtsrecht a Sécurité sociale.
Dem designéierte President vun der UEL no sinn d‘Sozialpartner mat enger ëmmer méi komplexer Situatioun konfrontéiert. Fir d‘Patrone géif et véier grouss Defie ginn: d‘Alterung vun der Populatioun, déi nei Technologie virop d‘KI an d‘Digitaliséierung déi nach net an all Betrib finaliséiert ass, dann d‘Klimakris grad ewéi d‘Infrastruktur-Problemer: net genuch Logement an net genuch Stroossen.
D‘Sozialkeessen, déi net méi opginn, wären natierlech och e Problem, esou de Marc Lauer. Hien ass der Meenung, dass Betriber sech am Kader vu Kollektivverträg och musse moderniséiere kënnen. Flexibilitéit wär essenziell.
Invité vun der Redaktioun: Marc Lauer
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.