Wie kennt dës Persoun?Police lancéiert Zeienopruff no Déifstall vu Keess aus Restaurant

RTL Lëtzebuerg
Lescht Joer am September koum et zu engem Abroch mat Déifstall an e Fast-Food-Restaurant an der Stater Rue d'Anvers. Elo huet d'Police Fotoe vun engem vun de Verdächtege publizéiert.
© RTL

Konkreet geet et ëm en Abroch an d'Lokal "Simon Says Chicken" den 29. September zejoert. Videoopname géinge weisen, datt zwou Persounen hei agebrach sinn an d'Keess geklaut hunn. Op d'mannst eng vun hinnen ass op Biller z'erkennen, déi d'Police elo publizéiert huet.

Wien d'Persoun op de Biller kennt, oder aner hëllefräich Infoen zum Abroch huet, ass gebieden, sech um Hollerecher Policebüro ze mellen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 44 1000 oder per Mail u police.gare@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO