Formatioun "Multiplikatoren Netzwerk" am Sonndesinterview Mat Enseignantë Projeten ausschaffen, fir Kanner Sciencen op eng interaktiv Manéier bäizebréngen

Samantha Weber
Wie kennt et net: Stonnelaang op der Bänk sëtzen an dem Enseignant nolauschteren, fir dach näischt verhalen ze hunn. Dacks läit et net um Enseignant oder un der Matière selwer, mä un der Aart a Weis, wéi se enseignéiert gëtt.
Eng Formatioun "vun Enseignantë fir Enseignanten"
Beim Multiplikatoren Netzwerk schaffen Enseignanten zesumme Projeten aus, fir Kanner virun allem Scienen op eng interaktiv Manéier bäizebréngen.

Dat soll mat der Formatioun vum Multiplikatoren-Netzwerk geännert ginn. An d’Liewe geruff vum SciTeach Center vun der Uni schafft den Zenter mat senger Directrice Christina Siry innovativ Aart a Weisen aus, fir virun allem d’Sciencen op eng méi interaktiv an domat méi interessant Aart a Weis fir Schüler an Enseignant z’enseignéieren.

Formatioun "vun Enseignantë fir Enseignanten"

Virun zéng Joer gouf de SciTeach Center lancéiert, fir d’Fach “Éveil aux sciences” z'ënnerstëtzen. Nieft Formatioune kënnen Enseignanten ënner anerem op Léiermaterialien am Beräich vun de Sciencen zréckgräifen, déi si zum Beispill ausléine kënnen. Ma well déi wichtegst Ressource fir d’Christina Siry d’Leit sinn, wollt si d’Formatiounen, déi si ausschaffen, ëmgestalte mat méi Fokus op den Austausch vun den Enseignanten ënnerteneen – also "vun Enseignantë fir Enseignanten”.

Esou gouf viru fënnef Joer d’Multiplikatoren-Netzwerk an d’Liewe geruff. Hei komme Fuerscher, Formateuren an Enseignanten zesummen, fir ze kucken, wat “wierklech um Terrain gebraucht” gëtt, fir “kleng Kanner och mat Freed z’ënnerriichten”. Ee Mol de Mount, iwwer dat ganzt Schouljoer verdeelt, komme si beieneen. Zesumme ginn Aktivitéiten am Beräich vun de Sciencen entwéckelt, déi d’Enseignanten an hire Klassen ëmsetze kënnen. “Do ginn dann Expertise gedeelt an iwwer d’Praxis reflektéiert”, wéi d’Koordinatrice a Fuerscherin Melanie Jorge erkläert. An de Sessioune kënnen d’Enseignantë sech dann ënnerteneen austauschen, wéi een zum Beispill “verschidde Saache kann un den eegene Klassesall upassen”.

"Eegent Wësse generéieren"

Besonnesch schéi wier et ze gesinn, “wéi vill verschidde Forme vu Léieren entstinn an och wéi begeeschtert d’Enseignantë sinn, wa si selwer kënnen Aktivitéiten ausprobéieren, wann eppes klappt a wéi enthusiastesch si sinn, dat dann an hire Klassesäll ze probéieren an ze implementéieren”, betount d’Melanie, déi iwwer hire Studium an d’Netzwierk koum. “Et ass immens flott ze gesinn, wéi si léieren, wéi si sech weiderbilden, awer och wéi d’Kanner léieren.” D’Koordinatrice gesäit “d’Multiplikatoren” – sou ginn d’Enseignantë genannt ginn, déi bei der Formatioun matmaachen – “net nëmmen als Empfänger vum Wëssen, mä si selwer sinn och responsabel a matresponsabel fir hiert eegent Wëssen ze generéieren.”

Virwëtz bei de Kanner vu Klengem un do

Grad d’Sciencë si fir d’Christina Siry “eppes Aktives, wou d’Kanner e Phenomeen entdecken”. Och wann de Kanner de Vocabulaire dofir vläicht nach feele géing, de Virwëtz um “Entdecken” wier scho vu Klengem un do, seet d’Christina Siry. “Wann ech eppes entdeckt hunn, da wëll ech et och gär beschreiwen. An dat ass da ganz interessant ze gesinn, wéi d’Sciencë ganz vill aneres fërdere kënnen.”

Och d’Melanie Jorge betount, datt besonnesch d’Sciencë bei de Kanner vill Kompetenze beieneen entwéckelen. D’Kanner géingen ufänken, “sech Froen ze stellen, dass se ufänken, Saachen z’erfuerschen an dat ass och eppes, wat se da mat an aner Fächer huelen, awer och mat an d’Liewen, dass se zum Beispill kritesch ginn”.

Kanner kënne sech "anescht" beweisen

Och d’Enseignantë si begeeschtert, wéi gutt d’Aktivitéite bei de Kanner ukommen. De Pierre Bertinchamps, Schoulmeeschter zu Mamer, ass schonn dräi Joer dobäi. Den éischte Projet, deen hie mam Netzwierk an der Schoul ëmgesat huet, war e “Blob”. E “Mikroorganismus, dee makroskopesch grouss wiisst”. Doduerch datt d’Kanner net wëssen, wat esou e Blob ass, géinge si “ganz perséinlech Froe stellen”, erzielt de Pierre Bertinchamps. Duerch Experimenter mam Mikroorganismus kéinten d’Schüler dann hir Froe beäntwerten.

Grad well et keen “normalen Unterrecht” wier, géinge Kanner, déi an anere Fächer “vläicht opfälleg” sinn, dacks bei esou Projeten “opliewen”, betout de Frank Rasic, Schoulmeeschter vum engem Cycle 2 zu Mamer. D’Schüler géinge mierken, dass si sech bei esou Projeten “anescht weise” kéinten an “och duerch hiert Allgemengwëssen dann opbléien”.

Léieren, Inhalter anescht bäizebréngen

Et wier d’Approche vum “entdeckend Lernen”, déi fir d’Enseignanten an d’Schüler immens wichteg wier, fannen déi zwee Schoulmeeschteren. Vill Enseignantë géingen “nach ëmmer einfach probéieren, Inhalter eriwwer ze bréngen”, fënnt de Pierre Bertinchamps. Am Netzwierk géinge si léieren, méi op de “Virwëtz vun de Kanner” anzegoen. Et misst een dem Schoulmeeschter no “léieren, wéi ee seng Stonne strukturéiert a wéi een dat lues a lues mat de Kanner ugeet”, dat géing eben am beschte goen, wann ee sech ënner Enseignanten austausche kéint. Och d’Fuerscher vum Netzwierk ënnerstëtzen d’Enseignanten dobäi, hir Stonnen opzebauen a ginn och bei si an d’Klass, fir Feedback ze ginn. Fir d’Denise Hall, Enseignante am Cycle C1 zu Conter wier et och emol schéi gewiescht ze gesinn, “wéi eng Stonn ukënnt”.

Ouni Enseignantë keng Formateuren

Eng Erausfuerderung fir d’Netzwierk ass, datt et d’Ënnerstëtzung vum Ministère brauch, well et vu ganz vill Acteuren ofhängeg wier, erkläert d’Melanie Jorge. Bis ewell hätt ee sougenannten “Dechargestonne” gehat. Dräi Enseignantë waren iwwer d’Joer e puer Stonne vun hire Schoulen “dechargéiert, fir als Formateure Multiplikatoresessiounen opzebauen an ze halen. De Support vum Ministère fält awer elo ewech. Deemno misst ee kucken, wou een déi Stonnen hierhuele kann. Et wier awer immens wichteg fir d’Netzwierk, datt d’Formateuren Enseignantë sinn, well “si och selwer kënne Saachen testen an da mat an d’Netzwierk erabréngen”, betount d’Melanie.

De Max Weirig an d’Patti Muller si Formateuren, also Enseignanten, déi dechargéiert sinn. Och si betounen, ewéi wichteg et wier, datt si als Enseignanten zesumme mat de Fuerscher kucken, “wat um Terrain wierklech gebraucht gëtt”. D’Fuerscher hätten “den aktuelle Stand vun der Fuerschung am Bléck” an d’Enseignantë kéinten “dann um Terrain ausprobéieren, wéi déi Saachen am Fong och wierklech bei de Kanner ukommen”, erkläert de Max Weirig, dee selwer Schoulmeeschter zanter véier Joer ass. “Ech ka lo schonn am Viraus soen: d’Saache kommen immens gutt bei de Kanner un.” Besonnesch wann d’Kanner an der Schoul erzielen, datt si doheem “weider experimentéiert” hunn a froen, wéini déi nächst Science-Stonn ass, géing dem Enseignant weisen, datt d’Projete gutt ukommen.

Net just eng Formatioun, och Frëndschaften

Vill Enseignantë si scho laang beim Netzwierk dobäi. “Et ass net nëmmen eng Formation continue, et ass eng Communautéit an et ass ee Support-System, mä et sinn och Frëndschaften”, betount d’Melanie Jorge. Dat huet ee bei eisem Tournage bei hirer leschter Sessioun vum Schouljoer bemierkt. Um Ufank vum Joer mécht de ScieTeach Center hiren Appell, fir matzemaachen. An engem klengen Austausch mat der Fuerscherin ginn d’Enseignantë gewuer, wéi d’Netzwierk funktionéiert, dono kënne si mol ee Joer matmaachen a vläicht kënnt och bei hinnen de Virwëtz eraus.

Back to Top
CIM LOGO