Policekontroll um Fridhaff295 Chauffere goufen op Alkohol getest, 15 haten eppes gedronk

RTL Lëtzebuerg
Op Uerder vum Parquet war e Freideg den Owend um 00:30 Auer eng Kontroll um Fridhaff.
Grouss Policekontroll am Kader vun der Verkéierssécherheetscampagne "Gutt gesinn" den 20. Januar 2026 vu 7 bis 9 Auer op der N31 zu Péiteng.
Archivbild
© Police

Knapp 300 Chauffere goufe vun der Police ugehalen an hu misse blosen. 15 Mol war den Test positiv an et goufen am Ganze 6 Permisen agezunn. 

Ee Chauffer hat net just gedronk, mä och Drogen geholl. Hien hat donieft och kee valabele Fürerschäin dobäi. Da goufen awer och nach 12 aner Verstéiss festgestallt, wou sech net un de Code la route gehale gouf. Zwou Persoune kruten nach e Protokoll, well si keng Assurance virweise konnten an an engem Fall hat ee Passagéier Droge bei sech.

Och op anere Plazen am Land krute Chaufferen hir Permisen ofgeholl.

Géint 13 Auer war d'Police bei e Café an der Rue de l’Hôtel de Ville zu Péiteng geruff ginn. E Mann sollt do d'Personal beleidegt hunn. Eng Patrull konnt de Mann kuerz drop opgräifen, deen däitlech Unzeeche vun Alkoholkonsum opgewisen huet. Well sech erausgestallt huet, dass hie mat engem Auto gefuer war, gouf en Test gemaach. Dëse war positiv an de Mann krut e provisorescht Fuerverbuet. Och säi Won gouf séchergestallt. De Mann ass wärenddeem nees beleidegend ginn an huet sech virun de Beamten ugefaangen, auszedoen. Hie koum an Arrest a konnt do säi Rausch ausschlofen.

Bei enger Verkéierskontroll op der Escher A4 op der Héicht vun der Ausfaart Steebrécken gouf ee presséierte Chauffer mat 114 km7h gemooss, wou der just 70 erlaabt sinn. De Won konnt kuerz drop gestoppt ginn an den Automobilist krut net just e Protokoll, hien huet och säi Fürerschäi missen ofginn.

Bei enger anerer Kontroll op der Diddelenger A3 géint 18:45 Auer war och eng Fra ze séier ënnerwee. Hiren Auto gouf mat 128 amplaz den do erlaabten 70 km/h geblëtzt a si gouf op der Aire de Berchem erausgewonk. Och si krut e Protokoll a war hire Permis lass.

Och a Gefierer gouf an de leschte Stonnen agebrach a geklaut.

Géint 14 Auer e Freideg haten onbekannt Täter an der Rue Astrid um Belair en Auto duerchwullt. Geklaut gouf ënner anerem Boergeld an zwee Sonnebrëller.

Mol keng 3 Stonne méi spéit gouf e weideren Abroch an der Rue Eugène Welter um Houwald gemellt. Hei waren déi Onéierlech iwwer d'Bäifuerersäit agedrongen an hunn zwee Brëller matgoe gelooss.

Back to Top
CIM LOGO