Grouss ErausfuerderungEng Studieplaz, mee keng Wunneng

Lisa Weisgerber
Op Lëtzebuerg studéiere kommen, ass mat Hürde verbonnen. Eng dovun ass d'Sich no engem Iwwerdaach. Vill Studente siche virun der Rentrée nach no engem Logement.
Eng Studieplaz, mee keng Wunneng
Vill Studente siche virun der Rentrée nach no engem Logement.

An e puer Woche fänkt op de verschiddenen Sitte vun der Uni.lu dat neit Semester un. D'lescht Joer hunn 8.560 Studenten d'Uni besicht. Dovunner ware 56,5% aus dem Ausland. Dëst Joer gëtt mat iwwert 7.200 Studente gerechent. Sech op de Studium virbereeden heescht och, e laangfristegt Ënnerdaach ze fannen, wat sech zu Lëtzebuerg awer als grouss Erausfuerderung erweist.

D'lescht Joer hu Studenten aus ronn 150 Natiounen zu Lëtzebuerg studéiert. Fir si ass d'Fro no enger bezuelbarer Wunneng dacks nach net gekläert, wann d'Uni scho confirméiert ass. Dat ass och erëm dëst Joer de Fall, esou och beim Emad Vosoughi. De Masterstudent krut seng Zouso fir säi Studiegang geschéckt. “Wei ech ugeholl gouf, stoung am Bréif, dass d'Uni keng Wunneng garantéiere kéint. Wann ech éierlech sinn, krut ech dat och scho gesot, wéi ech mech op der Uni ugemellt hat, dofir war dat vun Ufank u gewosst.”

D'Universitéit bitt zwar eege Studente-Residenzen un, kann awer net jiddwerengem eng Plaz garantéieren. Dat kommunizéieren si net nëmme bei der Umeldung an Zouso, mee steet och op hirem Internetsite, wann d'Studente sech fir d'Residenzen aschreiwe wëllen.

© Lisa Weisgerber

D’Uni.lu ass sech dem Problem bewosst a proposéiert och Alternativen. Eng dovunner ass WeConnect, eng Plattform, déi intergenerationellt Zesummeliewen erméiglecht. Hei geet et drëms, de Studenten Zëmmere bei eelere Léit oder soss Privatpersoune fir ee rentabele Präis ze proposéieren. Och d'Plattform kritt den Undrang u Studenten, déi no engem Logement sichen, ze spieren. WeConnect hat viru ronn engem Joer ongeféier honnert sougenannt Hôten op der Plattform. Elo sicht d'Organisatioun nach ronn 50 weider Leit, déi bereet sinn, e Student bei sech opzehuelen. Esou d'Clémentine Offner vu Weconnect : “Elo ass haut den Haaptmoment, wou mir Leit brauchen, déi och ee bei sech wëllen oder kënnen ophuelen, fir de Studenten, déi ukommen, ze hëllefen. Well all Joers ginn et rëm Studenten, déi hire Studium mussen zu Lëtzebuerg opginn, well se keng Wunneng kritt hunn.”

Dobäi ass net ëmmer de Mangel u Bereetschaft de Problem. Verschidde potenziell Hôtë géifen zwar gären engem Student hëllefen, stoussen awer op administrativ Hürden. D'Organisatioun versteet, datt et Reegele muss ginn, ass awer der Meenung, datt an eenzele Fäll méi flexibel Léisunge méiglech wieren.

Nieft den universitäre Residenzen oder Weconnect ginn et awer och privat Leit, déi Studentewunnengen oder Kummeren zur Verfügung stellen. Verschidde Proprietären hunn zum Beispill Eefamilljenhaiser a Studentewunnengen ëmgebaut. Si kënnen dobäi selwer decidéieren, wéi eng Studente si ophuele wëllen. Verschidde Wunnenge riichte sech zum Beispill ausschliisslech u Master- oder Doktoratsstudenten. Och hei spiert een den Undrang vu de Studenten, déi aus dem Ausland kommen an no enger Wunenng sichen, esou d’Gerante vun enger privater Studenteresidenz, d'Ines Jacoby : “Pour les étudiants en Master, on a effectivement des piques avant le mois de Mars et avant le mois de September, comme maintenant, et pour les doctorants, par contre c'est durant toute l'année”.

D’Studenten aus dem Ausland beschränke sech net nëmmen op d'Nopeschlänner, och wann déi de gréissten Deel géifen ausmaachen. D'privat Studente-Residenz kréich och Demandë vun ausserhalb vun Europa.

© Lisa Weisgerber

Fir vill Studenten ass awer och de finanzielle Beweis eng Hürd. Vill Proprietäre géifen en Aarbechtskontrakt als Sécherheet verlaangen. Fir international Masterstudenten ass dat awer net ëmmer méiglech. Si däerfen an der Reegel nëmme limitéiert schaffen a kënnen domat dacks kee Vollzäitkontrakt virweisen.

Déi nächst Woche kéinten also fir vill International Studenten entscheedend ginn. De 15. September fänken d'Coursen un. Bis dohinner hoffen nach ëmmer Studenten, eng Plaz ze fannen, esou och den Emad, deen d'Hoffnung nach net opginn huet an deen iwwerzeegt ass, Mëtt September kënnen zu Lëtzebuerg mat dem Studium unzefänken.

De Manktem u Studentewunnenge war och een Thema bei der ACEL. Wéi de President vun der ACEL, der Associatioun vun de Lëtzebuerger Studente-Cerclen, Mattis Noël erkläert huet, wéi hien den 19. August um Radio Invité vun der Redaktioun war.

Back to Top
CIM LOGO