Sensibiliséierung fir Bio-LandwirtschaftMat oppenen Haff-Dieren a Kachateliere méi no bei de Leit

Diana Hoffmann
Vum 23. bis de 27. September ass déi 4. Bio-Woch zu Lëtzebuerg. Um Biohaff-Witry zu Dippech gouf d'Campagne presentéiert.
4. Bio-Woch ënnert dem Motto "Dem Bio-Bauer säi ganze Stolz"
Um Biohaff-Witry zu Dippech gouf d'Campagne presentéiert.

Eng Kou wier keng Maschinn an all Déier hätt säin eegene Charakter. Fir de Bio-Mëllechbauer Pierre Witry ass dat keng Floskel, mee eng Astellung, déi säi Betrib zanter 20 Joer präägt. Op sengem Haff zu Dippech ass e Mëttwoch déi 4. Bio-Woch presentéiert ginn, déi vum 23. bis de 27. September am ganze Land leeft. D'Campagne steet och dëst Joer ënnert dem Motto "Dem Bio-Bauer säi ganze Stolz". Organiséiert gëtt se vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg zesumme mam Landwirtschaftsministère.

Virun zwee Joerzéngten huet de Pierre Witry op Bio ëmgestallt. Dat bedeit keng chemesch-syntheetesch Sprëtzmëttel, kee kënschtlechen Dünger, mee och manner Ertrag. Leed gedoen hätt him dee Schrëtt awer ni. "Bei Bio si besonnesch d'Ëmstellungsjore relativ schwiereg", erënnert hie sech. Déi zwee éischt Jore kritt ee just de konventionelle Präis, obwuel ee scho géing no Bio-Krittäre produzéieren.

Et ass d'Aarbecht hannert de Produiten, déi d'Bio-Woch soll fir d'Konsumente méi siichtbar maachen. Eng Aufgab, där sech och um Biohaff Witry schonn zanter 14 Joer dediéiert gëtt. Um Haff erkläert d'Enseignante Caroline Massard nämlech Kanner a Jonken, wou de Pond Botter oder d'Mëllech am Supermarché hierkommen. "Ech sinn ëmmer nees schockéiert, wéi vill ewechgehäit gëtt. Et ass net selbstverständlech, datt Liewensmëttel esou zur Verfügung stinn”, erkläert si hir Motivatioun fir de Projet. Wat um Biohaff also, an deem Sënn, am Klenge geschitt, soll wärend der Bio-Woch op enger méi grousser Ausmooss geschéien.

Atelieren, Degustatiounen an oppen Haff-Dieren

Bannent dëser Woch soll et net just dorëm goen, Bio-Produiten ze weisen, mee och ze erklären, wou se hierkommen. "Mir maache vill Eventer, Atelieren, Workshops, Konferenze fir Experten an Interesséierter", erkläert d'Nathalie Lesure vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg. Awer och Kachcoursen, Degustatiounen an oppen Haff-Diere stinn um Programm.

Dëst Joer vertrieden aacht Bio-Ambassadeuren d'Campagne. Dorënner sinn de Kach Steve Lentz, de Bio-Imker Marc Thiel, de Greg Colling vum Karelshaff oder d'Journalistin Kirsty von Boch. Well 2026 vun de Vereenten Natiounen als Joer vun de Fraen an der Landwirtschaft erkläert gouf, ginn och d'Bio-Bauerefraen dëst Joer besonnesch ervirgehuewen.

Ënnert dem Motto "Bio vun Heiheem – de gudde Wee ass esou no" ginn an ënnerschiddleche Gemengen a Supermarchéë Schëlder opgestallt, déi de Wee bis bei deen nooste Bio-Betrib weisen. Iwwer e QR-Code kënnen d'Visiteuren dann och zousätzlech Informatioune bei de Produzente kréien.

Weider Informatiounen zu der Bio-Woch sinn dann op www.biowoch.lu ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO