MeteoLux warnt virun héijen Temperaturen Alerte jaune um Donneschdeg an orange um Freideg

RTL Lëtzebuerg
Ronderëm d'Festivitéite vun Nationalfeierdag sinn zu Lëtzebuerg Temperature bis zu 36 Grad méiglech.

Wéinst den héijen Temperaturen, déi an deenen nächst Deeg tëscht 34 a 36 Grad Celsius erreeche kënnen, ass e Mëttwoch d'Celulle d'evaluation zesummekomm, fir d'Situatioun z'analyséieren. Dat och en vue vun de Festivitéite fir Nationalfeierdag. D'Autoritéiten erënneren nach eng Kéier drun, datt virop eeler Leit a kleng Kanner riskéieren, gesondheetlech Probleemer ze kréien, wann et esou waarm ass. Donieft besteet fir jiddereen de Risiko vun Dehydratioun a Sonnestéch.

Deemno heescht et vill Waasser drénken, dobanne bleiwen, d'Wunnenge kill halen, andeems Rideauen a Rolllueden zougemaach ginn, de Kapp bedecken an net ze vill Sport dobausse maachen.

De Loïc Juchem live vun de Baggerweieren zu Rëmerschen
Zu Rëmerschen hunn d'Leit vum waarme Wieder profitéiert. Bis 18 Auer sinn d'Weieren normalerweis op, mee et gëtt awer Ausnamen.

Alerte jaune um Donneschdeg an orange um Freideg

Meteolux huet iwwerdeems zwou Alertë rausginn. Um Donneschdeg gëllt vun 12 Auer mëttes bis e Freideg Hallefnuecht eng Alerte jaune. E Freideg um Hallefnuecht trëtt dann eng Alerte orange a Kraaft. Dës gëllt bis e Samschdeg Hallefnuecht.

Gouvernement rappeléiert Reflexer, fir Vegetatiouns- a Bëschbränn ze verhënneren

Wéinst den héijen Temperaturen an der Dréchent wäert an den nächsten Deeg de Risk vu Vegetatiouns- a Bëschbränn klammen. D'Regierung mécht dofir de Rappell, op wat d'Leit sollen oppassen, fir net muttwëlleg Bränn auszeléisen.

Schreiwes vum Gouvernement

Back to Top
CIM LOGO