
Nieft der Alerte jaune wéinst der Hëtzt, déi bis en Dënschdeg 23:59 Auer gëllt, mellt Meteolux, datt et och en Dënschdeg den Owend zu staarken Donnerwiedere komme kann. Schonn am fréien Nomëtteg solle vereenzelt Reeschauere méiglech sinn.
Vum spéiden Nomëtteg un an um Owend kéint et dann Donnerwiedere ginn, déi vu staarke Reeschaueren, Wand a souguer Knëppelsteng begleet kënne sinn.
