Zu SchengenNeie Ponton fir "Princesse Marie-Astrid Europa" ageweit

RTL Lëtzebuerg
Virun zwee Joer huet den ale Ponton misse Plaz maachen. En Donneschdeg gouf den neie Quai fir d'Schëff "Princesse Marie-Astrid Europa" zu Schengen ageweit.

Nodeems virun zwee Joer den ale Ponton vum François Valentiny zu Schengen ofgerappt gouf, gouf en Donneschdeg op der selwechter Plaz den neie Quai fir "d'Princesse Marie-Astrid Europa" ageweit. Den neie Ponton soll fir jidderee sécher an accessibel sinn.

Fir d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes géing den neie Ponton un "e prägende Moment vun der europäescher Geschicht" erënneren, a gläichzäiteg neie Generatiounen "en Zougang zu dësem aussergewéinleche Kulturierwe" ginn.

Den neie Ponton ass Deel vun der Revalorisatioun vum Schengen Musée an der "Princesse Marie-Astrid Europa" fir de 40. Joresdag vum Schengen Ofkommes. Fir den Tourismusminister Lex Delles wier mat der Inauguratioun vum Ponton "d'touristesch Offer zu Schengen komplett".

Dat ganzt Schreiwes zum neie Ponton zu Schengen um Site vum Mobilitéitsministère.

Wie sech elo iwwer den Numm vum Schëff wonnert: No Joren am Ausland, ënner dem Numm MS Regensburg, koum d’Schëff 2025 an neiem Glanz zréck, ëmgebaut zum Muséesschëff an ëmgedeeft op Marie-Astrid Europa. Den Detail an eisem Artikel:

Back to Top
CIM LOGO