
A gutt dräi Wochen ass et nees esou wäit, da verwandelt de Glacis sech nees an dat gréisste Volleksfest am Grand-Duché. Déi 686. Editioun vun der Schueberfouer ass vum 21. August bis den 9. September. 214 Etablissementer sinn dëst Joer dobäi. D'Stad Lëtzebuerg huet virun der Press en Donneschdeg de Moien och eng Partie Nouveautéite presentéiert. Véier nei Attraktiounen, een neien Iessstand an dräi nei Verkafsstänn. Ganz nei ass zum Beispill eng Achterbunn, déi mat Hëllef vu virtueller Realitéit funktionéiert, mam Numm "DR ARCHIBALD - MASTER OF TIME". Dobäi kommen nach "WILDE MAUS", "KING LOOP" an "SKATER".
Nees mat dobäi sinn:
Bei den Iessstänn ass nei:
Bei de Verkafsstänn sinn nei:
E puer wichteg Rendez-vousen erausgepickt:
25. August: Buergermeeschterdag
26. August: Familljendag mat reduzéierte Präisser
27. August: Kinniginnen-Dag
30. August: Fouersonndeg
3. September: Biergerdag
7. September: Braderie
9. September: Leschten Dag a Freedefeier um 22 Auer
Fannt hei de komplette Programm vun der Schueberfouer 2026.