Weider Etapp a Richtung FusiounDéi véier Nordstad-Gemenge gi Feu vert fir eng "Délibération concordante"

RTL Lëtzebuerg
An der Nordstad gouf e Méindeg eng weider Etapp Richtung Fusioun geholl.
© Jeannot Ries / RTL

An der Nordstad gouf e Méindeg eng weider Etapp Richtung Fusioun geholl. An de véier Gemengen hunn d'Gemengeréit iwwert eng "Délibération concordante" ofgestëmmt, an där d'Intentioun fir ze fusionéieren, festgehale gëtt. An de Conseile vun Dikrech, Ettelbréck a Schieren gouf et unanime de Feu vert, wéi mer op Nofro gewuer gi sinn. Zu
Ierpeldeng-Sauer goufen et fënnef Jo a véier Nee Stëmmen.

D'Gemengeréit hunn och eng Resolutioun gestëmmt an där fir d'Suite vum Prozess eng däitlech Konditioun definéiert gëtt. Dikrech, Ettelbréck, Schieren an Ierpeldeng-Sauer verlaangen nämlech vum Staat e weidere substantielle finanziellen Engagement. Den aktuelle Niveau un Ënnerstëtzung géing net duergoen.10.000 € pro Bierger wieren néideg. Bei den aktuellen Awunnerzuele wier dat e Poste vun iwwer 220 Milliounen €.

D‘Regierung gëtt gebieden, sech bis d‘Enn vum Joer ze positionéieren. Sollt de Staat d'Gemengen net zousätzlech ënnerstëtzen, wier de Fusiounsprozess a senger aktueller Form a Gefor, heescht et am Dokument dat eis virläit. D'Gemenge behale sech an där Resolutioun dann och d'Recht vir, net mat den Diskussioune weiderzefueren, sollt dëser Demande net Rechnung gedroe ginn.  

Back to Top
CIM LOGO