Zanter Mee ass den Thomas Dentzer neien Direkter vum LNS, dem nationale Gesondheetslaboratoire. No enger Rei Wiessel un der Spëtzt a vill Kritik wéinst ze laange Waardezäiten op Resultater, soll elo Stabilitéit kommen.
Kann den LNS sech opstelle fir d’Zukunft a wéi gesäit dat aus? A wéi laang muss een haut op e Resultat vun enger Analys waarden?
All dat froe mir den Thomas Dentzer live am Interview um 8 Auer.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.