Am Ganze véier Blesséierter op de StroossenAuto géint Camion op der A13 a Chute vun engem Cyclist zu Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt am Ganze véier Accidenter, zu deenen et am Laf vum Dënschdegowend komm ass.
© CGDIS

Géint 17:10 Auer krute sech tëscht dem Rond-point Biff a Suessem op der A13 e Camion an en Auto ze paken. D'Pompjeeë vu Péiteng a Käerjeng waren hei am Asaz. D'Ambulancieren aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng hu sech ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.

Ronn eng hallef Stonn méi spéit sinn dann zwee Gefierer zu Esch an der Rue Joseph Kieffer net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf hei blesséiert. D'Pompjeeë vun Esch an d'Ambulanciere vun Diddeleng waren hei am Asaz.

Um 21:36 Auer gouf dann e Cyclist bei enger Chute an der Rue Antoine Zinnen zu Diddeleng blesséiert. Nieft de Pompjeeën an den Ambulanciere vun Diddeleng war hei och den Noutdokter vum Stater Samu op der Plaz.

Ee weidere Blesséierte gouf et da géint 22:14 Auer, wéi sech op der RN05 tëscht der Gréiwelsser Barriär an Dippech zwee Autoen ze pake kruten. D'Pompjeeë vu Bartreng a Mamer an d'Ambulancieren aus der Stad waren hei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO