Reprochen un d'RegierungGrouss Deeler vun der Oppositioun géint direkte Vott iwwert EU-Migratiounspakt

RTL Lëtzebuerg
An engem Schreiwes vun déi Gréng gëtt der Regierung de Reproche gemaach, et wéilt een héich problematesch Texter trotz oppene Froe séier duerchkréien.
© RTL-Archiv

An der Presidentekonferenz vun der Chamber hunn d'Oppositiounsparteien LSAP, déi Gréng, déi Lénk an d'Pirate gefuerdert, datt d'Chamber net schonn nächsten Dënschdeg ofstëmme soll iwwert d'Gesetzestexter, mat deenen den europäesche Migratiounspakt ëmgesat gëtt. Dat schreiwen déi Gréng an engem Communiqué.

D'Regierung hätt méintelaang verpasst, d'Ëmsetzen ze preparéieren a wéilt elo vun deem Zäitdrock, dee se selwer ze verschëlden hätt, profitéieren, fir héich problematesch Texter séier duerchzekréien. Besonnesch de Gesetzestext vum Inneminister Léon Gloden wier méi restriktiv wéi néideg an et géingen nach vill Froen opbleiwen.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO