No Sträit an der Uelzechtstrooss zu EschPolice huet am Raum Nidderkuer/Déifferdeng no véier flüchtege Persoune gesicht

RTL Lëtzebuerg
No enger Ausenanersetzung an engem Lokal an der Uelzechtstrooss waren der Police no e Méindeg véier Persounen op der Flucht.
© Laurent Weber

E Méindeg gouf no engem Sträit am Raum Nidderkuer/Déifferdeng no véier Verdächtege gesicht. Géint 15:45 Auer war et an engem Café an der Rue de l'Alzette zu Esch zu engem Sträit komm, an deem éischten Informatiounen no eng Persoun liicht blesséiert gouf. Véier bedeelegt Persoune wieren duerno geflücht, wéi et vun der Police heescht. Eng Sich no hinnen — mat ëffentlechem Opruff — ass ouni Resultat verlaf, ma d'Police huet Ermëttlungen an d'Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO