Zënter e Freideg den Owend ass de portugiseschen President Antonio José Seguro op offizieller Visitt zu Lëtzebuerg. E Samschdeg de Moien um 10:15 Auer gouf de Staatschef zesumme mat senger Fra Margarida Freitas vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie virum Palais feierlech empfaang.
Nodeems d'Hymne vu béide Länner gespillt goufen, goung et viru mat der Revue des troupes an der Begréissung vun der Lëtzebuerger Delegatioun, dorënner ënnert anerem de Premier Luc Frieden an d'staater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
Ënnert de Blécker vu ville Leit, déi extra bis an d'Stad komm waren, fir de President ze gesinn, goung et weider an de Palais fir déi offiziell Foto. Duerno stoung een Iessen um Programm, op dat de Grand-Duc invitéiert hat.
No der Mëttesstonn huet de portugisesche Staatschef eng Visitt duerch d'Chamber gemaach. Virop de President vun der Chamber, de Claude Wiseler, a vereenzelt Deputéiert waren dobäi. Knapp 40 Minutte drop ass et weider gaange Richtung Staatsministère op eng Entrevue mam Premier Luc Frieden. Um Wee dohin huet de Seguro sech Zäit geholl, fir mat de Leit ze schwätzen.
A well den zäitlechen Programm op sou enger Visitt streng gehale muss ginn, huet den Ausseminister Xavier Bettel de portugisesche Staatschef op hallwem Wee fir bei den Ausseministere getraff. Fir ee kuerzen Tour duerch d'Corniche ass et dunn awer nach duergaangen, schliisslech muss een dem neie portugiseschen Staatschef déi schéinste Vuë vun der Stad weisen.
E weideren RDV am Nomëtteg fir déi portugisesch Delegatioun war am Süde vum Land. Vill Leit hate sech virun der Gemeng zu Diddeleng versammelt an hunn den António Seguro mat Enthusiasmus begréisst. Uleies, fir op Diddeleng ze kommen, war d'Presentatioun vun engem Buch, dat iwwert 60 Joer portugisesch Emigratioun zu Lëtzebuerg schwätzt. D'Coordinatrice vun dësem Projet, d'Schrëftstellerin São Gonçalves, déi fir d'Buch méi wéi 30 Temoignagë gesammelt hat, war iwwerwältegt iwwer d'Visitt.
Programm e Sonndeg an der Philharmonie
Et ass déi éischt offiziell Visitt vum Seguro als President zu Lëtzebuerg. Déi lescht offiziell Visitt vun engem portugisesche President zu Lëtzebuerg war 2017, deemools de Marcelo Rebelo de Sousa. D'Visitt vum portugisesche Staatschef António José Seguro an dem portugisesche Premier Luis Montenegro fënnt am Kader vun de Festivitéiten vum portugisesche Nationalfeierdag statt. De Protokoll seet: De President feiert um Dag selwer, den 10. Juni a Portugal, am Virfeld ass hien awer op Visitt bei enger ausgewielter Communautéit. Datt grad de Grand-Duché fir dës besonnesch Commemoratioun ausgewielt gouf, ass op déi gutt Relatiounen tëscht béide Länner zeréck ze féieren.
E Sonndeg geet et weider mam Programm - da manner diplomatesch, mee méi op déi portugisesch Communautéit geziilt. Den Depart vum Seguro an der Delegatioun ass fir e Méindeg de Moie virgesinn.
Grouss Victoire bei de Walen
De Sozialist António José Seguro ass am Mäerz zum neie President gewielt ginn, an huet d'Portugise mat méi wéi 60 Prozent vun de Votten iwwerzeegt, a soumat säi Géigner, de Rietspopulisteschen André Ventura, am Reen stoe gelooss.
An enger Zäit, an där verschidde Länner an Europa méi no riets récken, huet den zentrale Block a Portugal sech fir déi 2. Ronn vun de Walen am Mäerz zesummegedoen, a Géigewand erzwongen. D'Victoire gouf deemno och ausserhalb vun de portugisesche Grenze gefeiert.