En Donneschdeg am fréien Owend ass de Premier Luc Frieden virun d'Press getrueden an huet Accorden op den Haaptlinnen annoncéiert:
Kafkraaft stäerken, Aarbechtsplazen a Betriber schützen, erneierbar Energië fërderen.
D'Transitioun op erneierbar Energië wäert weider gefërdert ginn, wéinst Ofhängegkeet fossil Energien. Et kënnt eng Energiepräisbrems op Diesel, Bensinn, Stroum a Masutt. Gas soll och berécksiichtegt ginn.
Vum 1. Juni u kënnt e Credit d'impot conjoncture mat engem Montant equivalent vun enger Indextranche.
Et goung och drëms, de Leit mat klengstem Akommes/Mindestloun ze hëllefen. Iwwer Steierkreditter gëtt de Mindestloun op Netto-Basis nach emol erhéicht. All Mindestloun-Empfänger kritt bis den 1. Juli 2027, nieft Index, 200 Euro Netto méi. De Gros wäert den 1.1. 2027 kommen.
Hëllefe fir Betriber wéinst internationale Krisen, Logistik a Landwirtschaft huet de Luc Frieden annoncéiert. Zu temporäre Moossname gehéiert ë.a. d'Finanzement vu Wärmepompelen. Leasing social = hëllefe fir Leit mat niddregem Akommes, en Elektroauto ze kafen.
D'Nora Back sot zu de prinzipiellen Accorden: "Et gouf haut en Duerchbroch. Mir hunn de Sozialdialog erëm op d'Schinne kritt, mir kënne rëm mateneen diskutéieren."
Op d'Käschte vun den Decisiounen ugeschwat, huet de Premier Luc Frieden iwwer 2 Joer e Pak vu ronn 450 Millioune genannt. Dobäi géife keng zousätzlech Steieren op d'Leit zoukommen.
Méi Informatiounen an den nächste Minutten!