
Deemno si géint 11:23 Auer tëscht dem Katrewang an Dondel zwee Autoe frontal anenee gerannt. Obwuel et beim Materialschued blouf, war de Samu aus der Stad am Asaz grad ewéi d'Rettungsdéngschter vu Mamer a vu Kielen.
Zwee Blesséierter gouf et iwwerdeem, wéi e puer Minutte méi spéit en Auto um CR134 tëscht Éinen a Gouschteng an de Gruef geroden ass. Hei huet souguer de Rettungshelikopter missen an den Asaz. Donieft waren d'Pompjeeë vu Kanech a Fluessweiler op der Plaz, souwéi d'Ambulanciere vu Réimech.