
Wéi am Bulletin vum CGDIS ze liesen ass, koum et géint 11:42 Auer zu engem Accident an der Route de Kayl zu Diddeleng. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert a vum Samu-Noutdokter vun Esch versuergt. Donieft waren d'Ambulanciere vun Diddeleng am Asaz grad ewéi d'Pompjeeë vun Diddeleng a vu Beetebuerg.
An der Beetebuerger Strooss op der Kockelscheier hat et iwwerdeem géint 16:38 Auer tëscht engem Auto an engem Moto geknuppt. Hei blouf et beim Materialschued. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter aus der Stad.
Iwwerdeem mellt de CGDIS nach e Bëschbrand net wäit vum Riesenhaff ewech. D'Pompjeeë vu Rammerech a vun Ell waren op der Plaz, fir d'Feier ze läschen. Geschitt ass kengem eppes.