
Fir datt mer eisen Artikel esou aktuell wéi méiglech kënnen halen an d'Bierger esou séier a gutt wéi méiglech kënnen informéieren, schéckt eis Är Communiquéen zu den Adaptatiounen am Schoulprogramm oder fir de Programm vun Nationalfeierdag op red@rtl.lu.
Opgepasst: Mat "Schoulen" bezeechne mer an dësem Artikel reng de Fondamental also d'Cyclen 1 bis 4. D'Lycéeë ginn och deementspriechend als "Lycée" gekennzeechent.
D'Gemeng Fëschbech deelt mat, datt den Unterrecht an der Angsber Schoul zu Angelsbierg fir d'Cyclen 1 bis 4 e Freideg tëscht 14 a 16 Auer wéinst der Hëtzt fakultativ ass. En Accueil ass assuréiert. Kanner, déi heem wäerte goen, sollen ofgemellt ginn.

Wéi d'Gemeng Bartreng matdeelt, wäert souwuel e Méindeg wéi och e Mëttwoch an e Freideg am Fondamental am Nomëtteg kee Cours gehale ginn. Wéi gewinnt wäert och hei am Nomëtteg awer en Accueil duerch d'Léierpersonal assuréiert ginn.
D'Presentatioun vum Reamenagement vum Parc Helfent, déi fir Nationalfeierdag geplangt war, gouf op e spéideren Datum verluecht. D'Coupe scolaire vum 26. Juni ass ofgesot.
D'Gemeng deelt mat, datt d'Elteren d'Méiglechkeet hunn, fir hir Kanner wéinst engem "Cas de Force Majeur" bis zu dräi Deeg aus der Schoul ze huelen. D'Eltere mussen dofir d'Léierpersonal viru Schoulufank informéieren an d'Kand muss dono eng schrëftlech an ënnerschriwwen Entschëllegung ofginn. Kanner am Precoce sinn net Schoulflichteg, d'Gemeng biet d'Elteren awer, fir d'Léierpersonal ze informéieren, wa se net kommen. Den Elteren ass et awer och méiglech, fir d'Kanner just fir d'Nomëtteger ofzemellen.
Fir d'Kanner, déi an d'Schoul kommen, gëtt en ugepasste Schoulprogramm ugebueden. All d'Detailer fannt Dir um Site vun der Gemeng.
Wéi d'Gemeng matdeelt, kréien d'Kanner vum Fondamentale e Mëttwoch an e Freideg de Mëtteg Hëtzefräi. Eng Surveillance wéi och de Schülertransport ginn awer garantéiert an d'Maison Relais bleift op.
Och d'Gemeng Biwer deelt mat, datt de Cours an der Grondschoul e Mëttwoch a Freideg Nomëtteg ausfale wäert. Och hei gëllt nees: En Accueil fir Schüler, déi net heem kënnen, ass assuréiert.
De Communiqué vun der Gemeng Biwer fir e Méindeg fannt Dir hei.
D'Gemeng Clierf deelt mat, datt den Unterrecht an der Schoul zu Reiler e Mëttwoch an e Freideg de Mëtten ausfält. Eng Surveillance ass assuréiert an d'Schoulbusser fuere wéi gewinnt.
De Schäfferot vun der Gemeng Colmer-Bierg deelt mat, datt wéinst den ugekënnegten héijen Temperaturen de Schoulunterrecht zu Colmer-Bierg e Freideg, 26. Juni, vun 13:30 bis 15:30 Auer ausfält. Weider Informatioune ginn et am Communiqué.
Och an der Gemeng Ell wäert de Schoulcours am Fondamental an de Cyclen 1 bis 4 vun nächster Woch un ageschränkt oflafen. E Méindeg, Mëttwoch an e Freideg wäert jeeweils am Nomëtteg keen Unterrecht ofgehale ginn. Ma och hei gëllt nees, datt en Accueil duerch d'Enseignantë garantéiert ass an och de Schoultransport, wéi och d'Maison Relais normal funktionéieren. Alles dat huet den Eller Schäfferot e Sonndeg an enge m Schreiwes matgedeelt.
D'Schreiwes vum Eller Schäfferot fannt Dir hei
D'Schoulcoursen an d'Schoulzäite bleiwen zu Esch-Sauer onverännert. D'Temperaturen an de Schoulgebaier géife bei 21°C leien, deemno kéint de Cours ënner gudde Konditioune stattfannen.
D'Schreiwes vun der Gemeng Esch-Sauer fannt Dir hei
Och zu Ettelbréck kréien d'Kanner vun de Cyclen 1 bis 4 e Mëttwoch de Mëtteg an e Freideg de Mëtteg Schoulfräi. Fir déi Kanner, déi net kënnen doheem bleiwen, gëtt en adaptéierte Cours vun den Enseignanten organiséiert.
Den Unterrecht fir d'Schüler aus de Cyclen 1 bis 4 fält e Mëttwoch an e Freideg am Nomëtteg fir d'Schüler aus dem "Kuebebongert" aus. D'Surveillance gëtt awer assuréiert an de Schoulbus fiert wéi gewinnt.
Fannt hei d'Schreiwes vun der Gemeng.
Och an der Gemeng Fiels huet de Schäfferot decidéiert, dass den Unterrecht an de Cyclen 1 bis 4 e Mëttwoch an e Freidegnomëtteg ausfält. Och hei gëllt, datt en Accueil duerch d'Enseignantë garantéiert ass an och de Schoultransport, wéi och d'Maison relais normal funktionéieren.
D'Gemeng gëtt de Kanner am Primaire e Mëttwoch an e Freideg de Mëtteg vu 14 Auer u fräi. D'Gemeng warnt awer och, datt kee Schülertransport wäert fir d'Coursen am Nomëtteg organiséiert ginn, d'Kanner, déi net doheem kënne bleiwen, ginn awer an de Schoulgebaier zu Gréiwels a Groussbus encadréiert. D'Maisons relaise bleiwen och op.
Wéi d'Gemengeverwaltung vun Habscht zesumme mam Comité d'école decidéiert huet, falen d'Coursen an der Schoul e Freideg aus. Fir Kanner, déi keng Méiglechkeet hunn, doheem ze sinn, gëtt een Acceuil an der Schoul offréiert. De Schoultransport leeft normal an och d'Maison Relais bleift zu deene gewinnten Auerzäiten op.

An der Regionalschoul zu Harel ass de Schoulunterrecht fir d'Cyclen 1 bis 4 tëscht 14 a 16 Auer fakultativ. D'Elteren, deenen hir Kanner kënnen heem goen, si gebieden, dem Titulaire vun der Klass respektiv an der Maison relais Bescheed ze ginn.

Am Kader vun den héijen Temperaturen informéiert d'Gemengeverwaltung vun Hesper iwwer d'Organisatioun an de Schoulen:
D'Gemeng deelt mat, datt de Schoulbetrib fir d'Cyclen 1 bis 4 e Mëttwoch an e Freideg am Nomëtteg wäert ausfalen. En Accueil gëtt awer assuréiert an den Schülertransport wéi och d'Maison relais lafe wéi gewinnt.
D'Gemeng deelt mat, datt e Mëttwoch an e Freideg de Mëtteg keng obligatoresch Schoul fir d'Kanner ass. Eng Betreiung op der Plaz ass awer garantéiert an d'Maison Relaise sinn och op. De Schoultransport leeft wéi gewinnt.
E Méindeg am Nomëtteg falen d'Coursen am Fondamental aus. Wéi bei anere Schoulen och, déi dës Annonce gemaach hunn, wäert och hei nees en Accueil fir Schüler assuréiert ginn, déi net heem kënnen. Am Laf vum Méindeg koum vun der Gemeng dann d'Informatioun, datt een och e Mëttwoch an e Freideg op déi selwecht Manéier wäert verfueren.
Och op Nationalfeierdag mécht d'Gemeng am Programm Upassungen. Esou ginn d'Gerben um 19:15 néiergeluecht an de Cortège geet um 19:30 op der Brillplaz fort. Alles, wat no 20 Auer geplangt ass, wäert och esou duerchgefouert ginn.
Och zu Konsdref fält den Unterrecht e Mëttwoch an e Freideg de Mëtteg aus. Wéi de Schäfferot matdeelt, gëtt och hei en Accueil vum Léierpersonal organiséiert an och de Schoultransport an d'Maison relais funktionéieren normal.

De Schäfferot vu Koplescht huet decidéiert, den normale Schoulbetrib e Freideg de Mëtteg auszesetzen. Eltere kënnen deemno decidéieren, hir Kanner doheem ze halen, d'Léierpersonal wäert awer op der Plaz sinn, fir en Accueil ze assuréieren.
Eltere sollen d'Personal am Virfeld iwwert hir Decisioun informéieren.
D'Maison relais an och de Schoultransport fonctionéiere wéi gewinnt.
Och d'Gemeng Lëntgen huet decidéiert, de Schüler e Mëttwoch an e Freideg de Mëtteg wéinst der Hëtzt fräi ze ginn.

An de Cyclen 1 bis 4 ass e Mëttwoch an de Freideg am Nomëtteg keng Schoul. Eng Permanence ass assuréiert.
Lycée Fieldgen
Wéi de Privat-Lycée op sengem Internetsite matdeelt, wäerten e Mëttwoch an e Freideg vu 14:15 Auer u keng Coursë sinn. Och d'Retenuen an d'ausserschoulesch Aktivitéite sinn deen Ament ofgesot an d'Schüler dierfen heemgoen. D'Schoulgebai wäert awer op béiden Deeg mëttes op sinn a fir déi Schüler, déi keng Méiglechkeet hunn, fir heem ze goen, wäert en Accueil organiséiert ginn.
Lycée Robert Schuman
D'Schüler aus dem Lycée Robert Schuman hu vun e Mëttwoch bis e Freideg just Schoul bis d'Mëttegstonn, wéi de Lycée matdeelt. Fir d'Klasse vu 7ième bis 5ième ass dat vun 11:25 Auer un, fir d'Klasse vu 4ième bis 2ième vun 12:15 Auer un.
Wann d'Kanner net kënnen heem goen, soll d'Schoul bis 11:30 Auer doriwwer informéiert ginn.
Wéinst der extremer Hëtzt huet de Schäfferot, a Concertatioun mat der Schoul a Maison relais, decidéiert, d'Schoulorganisatioun fir de Freideg, 26. Juni, unzepassen. Fir dësen Dag kënnen d'Elteren, déi dat wënschen, hir Kanner schonn nom Enn vum Moiesunterrecht ofhuelen a si vun de Kueren an Aktivitéiten am Nomëtteg dispenséieren.
Déi concernéiert Eltere si gebieden, d'Léierpersoun vun hirem Kand, esou wéi d'Maison relais am Virfeld doriwwer ze informéieren.
Fir d'Kanner, déi net ofgeholl ginn, bleiwen d'Aktivitéiten am Nomëtteg normal assuréiert. Och d'Maison relais fonctionéiert wéi gewinnt no dem normalen Horaire.
An Ofsprooch mam Schoulkomittee huet de Schäfferot vun der Gemeng Nidderaanwen decidéiert, dass opgrond vun den aussergewéinlech héijen Temperaturen an der Alerte rouge all d'Schülerinnen a Schüler aus der Schoul "Am Sand" zu Nidderaanwen e Freideg den Nomëtteg vu 14 bis 16 Auer schoulfräi hunn.
D'Coursë fanne moies wéi gewinnt vun 8 bis 11:50 Auer, bzw. 12.15 Auer statt. D'Schülerinnen a Schüler si verflicht un de Course moies deelzehuelen, d'Schoulflicht bleift deemno bis mëttes bestoen.
D'Schoul bleift awer op a fir d'Schülerinnen a Schüler, déi am Nomëtteg an der Schoul sinn, gëtt en Accueil vum Léierpersonal assuréiert.
D'Maison relais schafft och normal vun 12.15 bis 14 Auer, sou wéi vu 16 bis 19 Auer. De Schoultransport, sou wéi d'Pedibus-Linnen fueren zu deenen normalen Zäiten.
D'Eltre si gebieden, d'Léierpersonal ze informéieren, ob hiert Kand an d'Schoul oder an d'Maison relais kënnt.
Déi lokal Museksschoul bleift wéinst der Canicule de 25., 26. a 27. Juni zou.
D'Gemeng deelt mat, datt d'Schoul mëttwochs a freides mëttes ausfält. En Accueil fir Kanner, déi net heem kënne goen, gëtt vun den Enseignantë garantéiert. D'Maison relais an d'Schoulbusse funktionéiere wéi gewinnt.
Wéinst den extreem héijen Temperaturen an der Vigilance rouge, déi fir e Freideg annoncéiert sinn, huet d'Gemeng Rammerech d'Coursen an de Schoulklasse no der Mëttespaus gestrach. Och de Cours vun der LASEP vu 16-17 Auer ass dovu betraff. Moies soll den Oflaf an de Schoulen onverännert bleiwen.
D'Decisioun gouf vum Buergermeeschter am Schäfferot zesumme mam Schoulcomité geholl. Eng Surveillance wäert am Nomëtteg en place gesat ginn, fir déi Schüler, déi net heemgoe kënnen. Och de Schoultransport wäert normal weiderlafen.
No Ofsprooch mam Comité d’école, gouf entscheet, déi üblech Organisatioun vun de Coursë bäizebehalen.
Fir awer der aussergewéinlecher Situatioun Rechnung ze droen, kënnen d'Elteren hir Kanner de 26. Juni ab 12:00 Auer (Cycle 1), respektiv ab 11:55 Auer (Cyclen 2 bis 4) ofhuelen a si vun de Schoulaktivitéite vum Nomëtteg dispenséieren. An deem Fall sollen d'Elteren d'Personal am Viraus doriwwer informéieren.
Den SEA souwéi de Schoultransport fonctionéiere weider no den üblechen Horairen.
D'Stad Réimech huet matgedeelt, datt wéinst der Hëtzt e Mëttwoch an e Freideg de Mëtteg kee Schoulunterrecht wäert sinn. Eng Betreiung gëtt vum Léierpersonal assuréiert.
Eltere si gebieden, matzedeelen, ob d'Kand heem geet oder an der Schoul bleift.
Den Detail fannt Dir um Site vun der Stad Réimech.
Wéinst den héijen Temperature fält de Schoulunterrecht an der Grondschoul Reisdorf (Cycle 1-4) e Freideg, 26. Juni, vun 12:00 Auer un aus. Elteren, déi d'Méiglechkeet hunn, hir Kanner mëttes ofzehuelen, gi gebieden, dat ze maachen.
Fir all aner Kanner ass den Accueil duerch d'Léierpersonal garantéiert.
D'Maison relais an de Schoultransport fonctionéiere wéi gewinnt, Kanner sollen awer bei der Maison relais ofgemellt ginn, wa se doheem bleiwen.
Och d'Gemeng Rouspert-Mompech informéiert d'Elteren an engem Schreiwes doriwwer, dass e Mëttwoch- a Freidegmëtteg fir d'Cyclen 1 bis 4 kee Cours ass. Et wier awer en Accueil garantéiert. De Schoulbus fiert iwwerdeems normal an och d'Maison relais ass op béiden Deeg op.
Wéi d'Gemeng Sandweiler matdeelt, wäert souwuel e Méindeg wéi och e Mëttwoch am Fondamental am Nomëtteg kee Cours gehale ginn. Wéi gewinnt wäert och hei am Nomëtteg awer en Accueil duerch d'Léierpersonal assuréiert ginn.
Déi offiziell Kommunikatioun vun der Gemeng Sandweiler fannt Dir hei.
Déi selwecht Mesurë goufen dann och fir e Freideg en place gesat, wéi um Site vun der Gemeng ze liesen ass.
D'Schoul wäert wéi geplangt ofgehale ginn, d'Eltere kënnen d'Kanner awer fir de Cours e Mëttwoch an e Freideg de Mëtteg entschëllegen. D'Eltere solle just dem Schoulpersonal an der Maison relais d'Informatioun ginn, datt d'Kanner net kommen. D'Maison relais wéi och de Schoultransport funktionéiere wéi gewinnt.
D'Schreiwes vun der Gemeng fannt Dir hei.
De Schäfferot vun der Gemeng Steesel huet decidéiert, datt d'Schoul e Freideg tëscht 13:50 a 15:40 Auer fakultativ wäert sinn. D'Eltere sollen den Titulaire vun der Klass doriwwer informéieren, wann hiert Kand net an d'Schoul kënnt.
Weider Detailer fannt Dir um Site vun der Gemeng Steesel
Och an der Gemeng Stroossen brauchen d'Kanner vun de Cyclen 1 bis 4 just bis 12 Auer an d'Schoul ze goen. Fir déi, déi net heem kënnen, gëtt et en Accueil.

D'Gemeng Veianen huet decidéiert, d'Coursen am Nomëtteg fir d'Schüler vun de Cyclen 1 bis 4 ausfalen ze loossen. Och hei gëtt et en Accueil fir Kanner, déi net kënnen doheem bleiwen.

De Schäfferot vun der Gemeng Wäiswampech deelt mat, datt dëse Freideg, de 26. Juni, de Schoulunterrecht am Nomëtteg fir d'Cyclen 1 bis 4 fakultativ ass.
D'Eltere kënnen also selwer decidéieren, ob hiert Kand an d'Schoul geet oder net. Am Fall vun enger Absence gi si gebieden, de concernéierte Klassentitulaire doriwwer ze informéieren. Dat selwecht gëllt fir Kanner, déi u sech an d'Maison relais ginn.
D'Léierpersonal organiséiert ugepasste pedagogesch Aktivitéite fir d'Kanner, déi an d'Schoul kommen. D'Maison relais an de Schoultransport funktionéieren no de gewinnten Zäiten.
Zu Waldbëlleg fält de Schoulunterrecht e Mëttwoch an e Freideg de Mëtteg aus. Dat deelt d'Gemeng an engem Schreiwes op de soziale Medie mat. Och hei ass en Accord vun de Schüler assuréiert an d'Maison relais an de de Schoultransport funktionéieren zu de gewinnten Zäiten.
Och am Norden an der Gemeng Wëntger fält de Cours am Nomëtteg aus, dat e Méindeg, e Mëttwoch an e Freideg. Och d'Aktivitéite vun der LASEP si fir déi Deeg annuléiert. Eng Betreiung duerch d'Maison relais an d'Léierpersonal ass awer och hei nees garantéiert.
Offizielle Communiqué vum Schäfferot vun der Gemeng Wëntger
Fir d'Schoule Reenert a Villa Millermoaler fält d'Schoul e Mëttwoch a Freideg de Mëtteg aus. De Cycle 1 vum Geenzepark geet e Mëttwoch, Donneschdeg a Freideg just bis 11:55 Auer an d'Schoul, de Cycle 2 bis 4 huet op deenen Deeg vun 12:15 Auer u fräi. Fir déi Kanner, déi an der Schoul bleiwen, ass eng Betreiung duerch d'Maison relais an d'Léierpersonal garantéiert.