CGDISSechs Blesséierter no enger Rei Accidenter am Laf vun e Mëttwochowend

RTL Lëtzebuerg
Vum spéide Mëttwochnomëtteg bis an de fréien Donneschdegmoien eran haten d'Secouriste vum CGDIS nees all Hänn voll ze dinn.
© Laurent Weber

Géint 17:45 Auer hat sech e Motocyclist um Escher Boulevard Prince Henri bei enger Chute blesséiert. Déi lokal CGDIS-Ekippen hu sech ëm e gekëmmert.

Kuerz virun 19 Auer gouf en Automobilist verwonnt, wéi en um CR345 tëschent Ettelbréck a Grentzen an eng Mauer gerannt war. Hei waren d'Secouristen aus der Nordstad op der Plaz.

D'Rettungsdéngschter vu Wolz an Ettelbréck hu sech da géint 23:30 Auer ëm eng blesséiert Persoun misse këmmeren, well op der N26 tëschent Wolz an Noutem en Auto op der Kopp louch,

Zwee Blesséierter gouf et dann um 0:25 Auer an der Rue Laurent Menager an der Stad, wéi hei zwee Autoen aneneegerannt sinn. D'Rettungsekippen aus der Stad waren am Asaz, sou wéi och de SAMU.

An am fréien Donneschdegmoien, géint 4:10 Auer, hunn d'Stater CGDIS-Ekippen, wéi och déi vun Nidderaanwen-Schëtter um CR126 tëschent dem Sennengerbierg a Schëtter missen intervenéieren, well hei e Chauffer blesséiert gouf, wéi e mat sengem Auto an e Bam gerannt ass.

Back to Top
CIM LOGO