
En Dënschdeg géint 18:30 Auer krut d'Police en Iwwerfall an der Avenue de l'Europe zu Rolleng gemellt. Den éischten Informatiounen no wieren dräi Männer op eng Koppel duergaangen, wäre géigeniwwer dëser handgräiflech ginn an hätten dem Mann schliisslech d'Auer geklaut. Duerno wieren déi dräi Täter fortgelaf. D'Affer goufe beim Iwwerfall liicht blesséiert.
Wärend der Enquête, déi an d'Weeër geleet gouf, hunn d'Beamten d'Informatioun kritt, datt sech de Fuerer vun enger elektrescher Trottinett an enger Kontroll vun de belsche Kolleegen zu Athus aus dem Stëbs gemaach hätt, méiglecherweis a Richtung Péiteng. Kuerz dono konnt dee Mann beim Futtballsterrain lokaliséiert ginn. Trotz eendeitegen Zeechen, solle stoen ze bleiwen, ass de Fuerer weider geflücht a mat engem Policebeamte kollidéiert. Allebéid sinn dobäi blesséiert a fir eng Kontroll an d'Spidol komm.
En Drogentest, dee beim Verdächtege gemaach gouf, war positiv op Cannabis. Bei der Kontroll vu senger Trottinett huet sech ausserdeem erausgestallt, dass dës méi séier gefuer ass, wéi déi gesetzlech erlaabte Maximalvitess. Op Uerder um Parquet gouf e Rapport geschriwwen an d'E-Trottinett saiséiert.
Um spéiden Dënschdegowend gouf dann en Iwwerfall an der Rue du Commerce am Stater Garer Quartier gemellt. Éischten Informatiounen no gouf hei e Mann als éischt vun zwee anere Männer ugepöbelt, éier ee vun hinnen ugefaangen huet, handgräiflech ze ginn. D'Affer huet sech doropshi gewiert a krut eng Kette vum Hals gerappt. Déi zwee Verdächteg sinn doropshi geflücht. Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.
Iwwerdeems mellt d'Police, dass e puer Leit beim Klauen a Geschäfter erwëscht goufen:
En Dënschdegnomëtteg huet e Mann versicht, an engem Buttek an der Uewerstad e Parfum ze klauen. Eng Patrull vun der Police konnt hien no enger Enquête stellen. Am Kader vun de weideren Ermëttlungen huet sech erausgestallt, dass hien nach mat engem weideren Déifstall vun e Méindeg a mat anere Strofdote konnt a Verbindung bruecht ginn. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.
Och en Dënschdeg am Nomëtteg hunn dann zwou Frae versicht, e Parfum aus engem Buttek um Kierchbierg ze klauen. Eng Patrull vun der Police konnt si schliisslech stellen. Et gouf e Protokoll erstallt. En Dënschdegowend gouf dann e Mann gestallt, deen an engem Buttek op der Stater Gare wollt eng Fläsch Alkohol klauen. Hie koum wéinst sengem alkoholiséierten Zoustand no enger medezinescher Kontroll an de Passagearrest.