Rettungshelikopter am AsazVéier Blesséierter bei Accidenter

RTL Lëtzebuerg
E Sonndegnomëtteg waren d'Secouriste vum CGDIS bei zwee Accidenter op eise Stroossen am Asaz.
© Emile Mentz

Um 14:40 Auer gouf eng Persoun bei engem Autosaccident tëscht Näertrech an Déierbech um CR329B blesséiert. Nieft de Pompjeeë vu Wolz a Wëntger an den Ambulanciere vu Clierf war hei och de Samu an de Rettungshelikopter am Asaz.

Dräi Blesséierter gouf et dann, wéi géint 15:30 Auer e weideren Auto accidentéiert ass. Dës Kéier op dr RN10 tëscht der Doosber Bréck a Maarnech. D'Pompjeeë vu Clierf an d'Ambulanciere vun Ëlwen a Wolz waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO