
Géint 05:20 Auer e Samschdeg de Moie fréi ass en Auto op der Collectrice du Sud accidentéiert. Um 09:10 Auer an um 10:20 Auer sinn zu Bieles an tëschent Branebuerg a Weiler all Kéier e Motorrad an en Auto anenee gerannt. All Kéier gouf eng Persoun blesséiert.
Ee Blesséierte gouf et dann nach géint 04:15 Auer e Samschdeg de Moien zu Keel an der Diddelenger Strooss. Do ass en Auto an e Potto gerannt.