CSSFWarnung virun AC Investissement an Asset Capital Invest
D'Finanzopsiicht CSSF warnt virun zwou Entitéiten, déi uginn, Zerwisser am Beräich vun der Gestioun vum Patrimoine a vun Investissementer unzebidden.
Verëffentlecht: 14.11.19 16:19, Update: 08.12.25 15:36
Weder eng AC Investissement, déi ugëtt an der Stad hire Sëtz ze hunn, nach eng Asset Capital Invest, déi um Sennengerbierg soll sinn, hätten en Agreement hei am Land.