RTL SpezialWéi steet et ëm d'Lëtzebuergescht?

Pit Everling
An der neister Emissioun vum RTL Spezial geet et ëm de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Wéi steet et ëm d'Lëtzebuergescht? Ëm déi Fro goung et an der Emissioun RTL Spezial op der Tëlee. D'Meenunge goungen auserneen, awer d'Majoritéit vun eisen Invitéë war optimistesch.

De Pierre Reding zum Beispill, de Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Hie seet, et wier him net baang, mä mir misste vill fir eis Sprooch schaffen a vill investéieren, fir datt d'Leit se och léiere kënnen. Virausgesat si wëllen. "Et fochst mech zum Beispill, wa Leit, déi 30, 40 Joer hei liewen, sech net beméien, fir Lëtzebuergesch ze schwätzen. Et fochst mech, wann ech an engem bestëmmten Toun gesot kréien, ech soll, wann ech gelift an enger anerer Sprooch schwätzen, well den Toun mécht d'Musek, mee ech sinn awer och der Meenung, dass mir enorm vill maachen, fir eis Sprooch ze fërderen, fir ze kucken, dass d'Leit d'Méiglechkeet hunn, déi Sprooch ze léieren."

An dobäi hëllefen och vill Benevoller. De Sérgio Ferreira, de politeschen Direkter vun der ASTI seet, et dierfte sech gär nach weider Leit mellen, fir op fräiwëlleger Basis mat anere Mënsche Lëtzebuergesch ze léieren an ze schwätzen. Den ADR Deputéierte Fred Keup mengt net, datt d'Lëtzebuerger Sprooch muer ausstierft, mä et géife kloer Alarmzeechen. Wann een elo net géif handelen, géif et op eemol séier goen. Fir hien ass d'Sprooch ënnert anerem net visibel genuch. "Vill Leit, déi op Lëtzebuerg kommen, déi kucke sech ëm a si gesi kee Lëtzebuergescht an da soen se sech 'ma da muss et net wichteg sinn'. Wann d'Lëtzebuerger hir Sprooch net benotzen op Schëlder, Stroossennimm, Nimm vun den Dierfer, de Numm vum Stadion 'Stade de Luxembourg', wa si hier Sprooch net selwer benotzen, da ka se net esou wichteg sinn, da brauch ech se net ze léieren."

D'Sproochewëssenschaftlerin vun der Uni Lëtzebuerg Mélanie Wagner ass däitlech méi optimistesch. Si ass iwwerzeegt, datt d'Lëtzebuerger Sprooch eng Zukunft huet. Se wier am Wandel, wéi all Sprooch, well se vu villen ënnerschiddleche Leit an ënnerschiddleche Situatioune benotzt géif. "Mir hunn nämlech och am Ufank geduecht, Lëtzebuergesch wär méi onsiichtbar, wéi et tatsächlech ass. Mee et ass visibel, mee et ass eeben net als eenzeg Sprooch visibel. An dat ass mengen ech eppes, wat mer och eis ëmmer mussen awer erëm an Erënnerung ruffen, Lëtzebuerg ass keen eesproochegt Land. Et ass scho per Gesetz en dräisproochegt Land. An dofir ass et eigentlech vläicht och dofir méi schwéier, fir ze soen, dass mer alles just sollen op Lëtzebuergesch maachen."

Wat der Sprooch awer sécher géif hëllefen, wier wann d'Leit - nodeems se Lëtzebuergesch geléiert hunn - och administrativ Demarchë kéinten op Lëtzebuergesch maachen, sou d’Mélanie Wagner. Genee dodru schaffe mer den Ament mat de Gemengen, huet de Pierre Reding geäntwert. Um Buergermeeschterdag hätt een de Gemengemammen a -pappe virgestallt, wat den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch hinnen alles kann zur Verfügung stellen, fir zum Beispill Internetsäiten op Lëtzebuergesch ze maachen, fir en administratiivt Lëtzebuergesch ze maachen an dat op eng Manéier, datt d'Sprooch liicht ze verstoen ass.

De ganzen RTL Spezial kënnt Dir nach emol online kucken an de Resumé als Podcast nolauschteren.

Am RTL-Spezial waren dës Invitéen zu Gaascht:

  • De Pierre Reding, Kommissär fir d‘Lëtzebuerger Sprooch
    © RTL
  • D'Mélanie Wagner, Sproochwëssenschaftlerin op der Uni Lëtzebuerg
    © RTL
  • De Sérgio Ferreira, politeschen Direkter bei der ASTI
    © RTL
  • De Fred Keup, ADR-Deputéierten
    © RTL
Back to Top
CIM LOGO