D'Europäesch Unioun deet sech weiderhi schwéier domat, fir Sanktioune géint israeelesch Ministeren ze huelen, well een dofir eng Unanimitéit bräicht, déi een einfach net hätt, gëtt de Lëtzebuerger Ausseminister ze bedenken. De Xavier Bettel war nom Conseil vun den EU-Ausseminister e Méindeg, en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Lëtzebuerg géif zesumme mat anere Länner Drock maachen, besonnesch fir Mesurë géint de Minister fir National Sécherheet Ben-Gvir ze huelen, deen einfach een Extremist wier. De Xavier Bettel kritiséiert awer, datt et souwuel an der Europäescher Kommissioun wéi och tëscht de Memberstaaten un enger klorer gemeinsamer Positioun feelt. Et hätt een awer versprach kritt, dass d'EU-Kommissioun fir de Juli géing Propositiounen ausschaffen. "Mee ech héieren dat schonn déi lescht Méint. An ech hoffen, dass dat och lo wierklech geschitt."
Den Ausseminister hätt och versicht, fir zesumme mat Holland an der Belsch op de Wee ze goen, fir Produiten ze verbidden, déi aus israeelesch besate Siidlunge kommen, mee et hätt een e Méindeg erkläert kritt, dass dat net konform wier mam Europäesche Recht. "Et ass esou ee Kuddelmuddel, soen ech Iech ganz éierlech och, wou mer probéiere Saachen ze maachen, mee am Fong d'Reegelen net ganz kloer sinn."
No enger Kontrovers mat enger palestinensescher Aktivistin op der Nexus-Konferenz d'lescht Woch, huet de Bettel seng Positioun nach eng Kéier verdeedegt. Fir hien ass et legitim, déi israeelesch Regierung ze kritiséieren, ouni direkt als Antisemitt bezeechent ze ginn. "Ech akzeptéieren awer och net, soubal ech mer erlaben ze soen, dass déi israeelesch Regierung sech wierklech ganz schlecht behëlt, dann als Antisemitt bezeechent ze ginn."
Gläichzäiteg warnt hien och virun engem Generalverdacht géint all Israeeli oder all Judd. Hie kritiséiert, datt dës Themen dacks vermëscht ginn an domat den eigentlechen Debat erschwéieren.
Am Ukrain-Krich léich den Haaptfokus virun allem op engem Waffestëllstand. Russland hätt seng Attacke verschäerft, mee et géif ee mierken, datt déi russesch Offensiv net méi gutt virukéim. Wichteg wiere Friddensverhandlungen an déi d'Ukrain mat enger staarker Positioun misst eragoen an an deene si iwwerhaapt mol dobäi sinn. Dofir hält de Xavier Bettel och weiderhin de Jean-Claude Juncker fir eng passend Persoun, fir als Vermëttler ze wierken. Seng Erfarung, seng Renommée an d'Feele vu perséinlechen Ambitioune géifen dofir schwätzen. "Et ass keen, dee probéiert en Nobelpräis ze kréien. An drëttens, ass et keen, deen en Ego huet, dee seet, ech wëll et maache vis-à-vis vun deenen anere Staatsministeren oder Staatscheffen, well ech méi wichteg wëll si wéi déi aner."
Wat elo e méiglechen EU-Bäitrëtt vun der Ukrain ugeet, huet de Xavier Bettel sech éischter zeréckhalend gewisen. Et géinge Krittären a Reegele ginn, déi fir all méigleche Bäitrëttskandidat gëllen. Et dierf een der Ukrain do net eng "TGV-Formule" ginn, just well se am Krich sinn, soss géif bei anere Kandidaten den Androck entstoen, datt e Krich den Zougang an d'EU beschleunegt.
Zum Schluss vum Gespréich huet de Xavier Bettel confirméiert, datt hien dem Regierungsrot d'Paulette Lenert als Kommissär fir déi nächst Weltausstellung proposéiert. Déi ass 2030 zu Riad a Saudi-Arabien an dofir géing hien et och fir wichteg halen, fir eng Fra ze nennen. Donieft wier si eng fréier Vizeministesch. Dat hätt méi Poids an esou Länner wéi ganz vill aner Leit. Vum 1. Juli u soll si am Ministère vum Commerce extérieur schaffen an d'Virbereedunge fir dës nei Aufgab iwwerhuelen. "A si kritt do net e Schaf, wou se soll d'Luucht kucken, bis se ausbrennt." Hei wier eng Win-Win Situatioun fir béid Säiten, erkläert den DP-Ausseminister Xavier Bettel.
En Dënschdeg de Moie war d'europäesch Aussepolitik Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.