
Am Lokale mellt de CGDIS e Brand am Norde vum Land. En Donneschdeg de Moie fréi huet et géint hallwer 3 an engem Haus wat eidel steet, zu Klierf an der Route d'Eselborn gebrannt. Déi lokal Pompjeeën an déi vu Wëntger waren am Asaz.
Blesséiert gouf beim Virfall keen. Wéinst de Läschaarbechten huet den CR332 tëscht der Gare an der Rue du Village musse gespaart ginn. Mëttlerweil ass d'Strooss awer nees op.
De Parquet gouf iwwert de Virfall informéiert an d'Police judiciarie gouf mat den Ermëttlunge beoptraagt.