derwäert – Episod 12: Luc BerensE bal 100 Joer ale Filmprojekter erzielt Geschicht

Pitt Wagner
De Luc Berens presentéiert bei derwäert e bal 100 Joer ale "Pathé Baby" Filmprojekter, deen hie mat ale Filmrolle geschenkt krut.
Luc Berens - E bal 100 Joer ale Filmprojektor erzielt Geschicht
De Luc Berens presentéiert bei derwäert e bal 100 Joer ale Pathé Baby Filmprojekter, deen hie mat ale Filmrolle geschenkt krut.

Op de Filmer sinn eenzegaarteg historesch Opname vu Lëtzebuerg an aus dem Ausland erhale bliwwen, dorënner och Biller vum Grand-Duc Jean als Kand bei senger Kommuniounsprozessioun.

Zesumme mam Mike Fandel geet de Luc op eng Rees an d'Geschicht laang virum Streaming. D'Expertin Caroline Cuny-Desprez erzielt, wéi de Pathé Baby an den 1920er Joren de Kino an d'Stuff bruecht huet, datéiert den Apparat a schätzt säin haitege Wäert an.

Wat eisen Objet vum Dag haut nach wäert ass, gesitt Dir bei derwäert, dëse Summer vun Dënschdes bis Donneschdes direkt nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO