Luxembourg Inside - Deel 3En Tour duerch d'Land a fënnef Regiounen: Dës Woch si mir am Mëllerdall

RTL Lëtzebuerg
Dëse Summer kucke mir eis déi fënnef Regioune vum Land vun hire schéinste Säiten un. All Woch si mir a sechs verschiddenen Uertschaften ënnerwee, déi Dir no an no bei eis um Site entdecke kënnt.
© Domingos Oliveira

Dës Woch blécke mir op d'Mëllerdall, eng vun de pittoreskste Regioune vum Land. Déi kleng "Lëtzebuerger Schwäiz" iwwerzeegt duerch hir ongewéinlech Fielsformatiounen aus Sandsteen a Wanderweeër, wou een hannert all Kéier eppes Neies entdecke kann. Zanter 2022 gehéiert den Natur- a Geopark Mëllerdall souguer zu den UNESCO Global Geoparks.

Déi vill Touriste kucke sech am Mëllerdall awer net just de Schéissendëmpel an déi schéin Trëppelweeër un, dacks gehéiert och een Ausfluch an d'Abteistad Iechternach zu Programm. Den Iechternacher Séi zitt da virun allem am Summer d'Leit un. Hei gëtt et net just Sonn, Wiss a Waasser, ma och Iwwerreschter aus der Stad hirer réimescher Vergaangenheet ze entdecken. Déi traditionell Iechternacher Sprangpressessioun zitt dann och nees all Joer Dausende Leit an d'Stroosse vun der Abteistad. Zu Beefort, Buerglënster an an der Fiels ginn et dann och nach impressionant Buergen ze entdecken, déi ëmmer eng Visitt derwäert sinn.

De Fotograf Domingos Oliveira war fir RTL am Mëllerdall ënnerwee an huet déi schéinsten Ausbléck a Gebaier festgehalen. All Dag fannt Dir hei eng Galerie vun enger neier Plaz.

Iechternach

Back to Top
CIM LOGO