derwäert – Episod 16: Rosi Thoss-LehmannEng Goldmënz als wäertvoll Familljen-Ierwen

Pitt Wagner
D'Rosi Thoss-Lehmann, déi vill nach aus den Déckkäpp kennen, presentéiert bei derwäert zesumme mat hirer Enkelin eng Brosch mat enger agefaasster Goldmënz vun der Groussherzogin Charlotte.
Rosi Thoss-Lehmann - Eng Goldmënz als wäertvoll Familljeierwen
D'Rosi Thoss-Lehmann, déi vill nach aus den Déckkäpp kennen, presentéiert bäi derwäert zesumme mat hirer Enkelin eng Brosch.

De Bijou gouf vun hirer Mamm verierft an huet d'Famill iwwer Joerzéngte begleet. Elo wëll d'Rosi gewuer ginn, wéi wäertvoll dëst Ierfstéck haut nach ass.

D‘Sophie Becker ass gespaant iwwer d'Geschicht vun dësem Bijou. Den Expert Mike Decker erkläert, firwat d'Goldmënz deemools an eng Brosch agefaasst gouf, wéi esou Bijou gedroe goufen a wéi sech den aktuelle Goldpräis op hire Wäert auswierkt.

Wat eisen Objet vum Dag haut nach wäert ass, gesitt Dir bei derwäert, dëse Summer vun Dënschdes bis Donneschdes direkt nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO