Serie "Spirituellt Lëtzebuerg" - Deel 7Muttergotteserscheinungen zu Keel - net unerkannt, ma och net vergiess

Monique Kater
1953 krut déi Keeler Muttergottes am Optrag vum Poopst Pius XII. déi Gëlle Kroun opgesat, an domadder gouf d'Léiffrächen "d’Notre Dame des Mineurs". D’Muttergotteserscheinunge vun 1947 si par contre en absolutten Tabu.
Muttergotteserscheinungen zu Keel - net unerkannt, ma net vergiess
Virun 80 Joer wëllen dräi Keeler Kanner d'Muttergottes gesinn hunn.

Wat am Kontext vun der Léiffrächen net gär ernimmt gëtt, sinn d’Muttergotteserscheinungen aus dem Joer 1947. Vun der Kierch sinn déi bis haut net unerkannt, a weder hir Vertrieder, nach d’Keeler Leit schénge Loscht ze hunn, iwwer dat ze schwätzen, wat dräi Keeler Kanner viru bal 80 Joer wëlle gesinn hunn.

Beim Thema Muttergotteserscheinungen si se zu Keel alles anescht wéi gespréicheg

Nieft e puer Hänn voll Leit vun hei, komme polnesch Gleeweger bei d'Léiffrächen – fir Mariahimmelfahrt. An dat schonn zënter laangem, well Polnesch Immigranten hei an de Minne geschafft hunn.

De Pater Piotr Piasecki vum Uerde vun der onbefleckter Jongfra Maria (OMI) kënnt esouguer extra fir deen Dag op Lëtzebuerg. Vläicht weess hien eppes iwwer d’Erscheinungen? Senges Wëssens no hätt Lëtzebuerg keng därer, déi vun der Kierch offiziell als richteg agestuuft gi sinn, äntwert hien. Allerdéngs kéint et jo sinn, dass hei een eng ganz staark Erfarung gemaach hätt, hänkt de Pater drun.

"Dovunner huet een héieren. Do gleeft een, wat ee wëllt!" Dat gëtt et als Äntwert, wann een d’Leit, déi ee bei der Léiffräche begéint, op d’Erscheinungen aus dem Joer 1947 usprécht.

Allerdéngs erzielt eng Kapell, säitlech am Bësch, vun dësen Erliefnisser. Busser voller Leit waren op Keel komm; ënnert deenen, déi de Kanner gegleeft hunn, och e Schwäizer, deen dat klengt Gebai aus rouden Zillen opriichte gelooss huet.

Wat hunn d’Kanner dann elo gesinn oder gemengt, gesinn ze hunn?

Dat, iwwer wat kee schwätzt, erënnert un d’Erscheinungen, déi dräi Hiertekanner zu Fatima haten. 1917 gemellt, dono d’Extas vun Dausende Leit, 13 Joer méi spéit du vun der Kierch als Wonner unerkannt.

Och zu Keel geschitt eppes, eppes dat d’Skeptiker bis haut net gleewen.

30 Joer drop erschéngt d’Muttergottes dräi Keeler Kanner. Eent vun de Meedercher gesäit se dräimol, wann een dat dann elo richteg aus deene verschiddene Quelle kann erausfilteren.

Dräi Wochen nom éischten Opdauche vu Maria bréngt d’Tageblatt iwwer e puer Deeg eng Serie vun Artikelen. D’Milly, en deemools 10 Joer aalt Meedchen, hätt gesot, dass et Maria fir d’éischt den 1. November gesinn hätt. Bei der éischter Grott. An engem wäisse Rack a mat engem Rousekranz an der Hand. Am Ufank hätt se e bësse gelaacht, mee da wier se ëmmer méi eescht ginn.

D'Tageblatt hat deemools iwwer d'"Erscheinungen" bericht.
D'Tageblatt hat deemools iwwer d'"Erscheinungen" bericht.
© RTL

Firwat huet d’Kierch d’Erscheinungen net unerkannt? Ze spektakulär, sou d’Äntwert

De Keeler Paschtouer fäert hie kéim, wann hie géing driwwer schwätzen, "an Däiwelskichen". Wat d’Saach nach méi intressant mécht! Déi ronderëm hie fanne sech ze jonk, eppes ze zielen, well déi Saach vun den Erscheinunge wier jo wierklech net hir Generatioun, sou d’Excuse.

D’Claudine Schmitz, riets Hand vum Keeler Paschtouer, zitéiert den Hellege Paulus: "Als Glaubende gehen wir unseren Weg, nicht als Wissende." Zu Keel gleeft een dass d’Léiffrächen am 18. Joerhonnert op eemol an engem Bam stoung. Si gleeft och un d’Erscheinunge vu Fatima. An un déi aus dem Joer 1947?

"D’Muttergottes ass op där Plaz erschéngen!"

Déi, déi haut nach an der Kapell - wuelverstanen net bei der Grott - bieden, veréieren d’Rosa Mystica. Eng éischt Muttergotteserscheinung den 13. Juli, och 1947, zu Montechiari an Norditalien.

Zu enger Partie këmmere se sech ëm de Bau, deen engem um Site vun der Léiffrächen als Stéifkand virkënnt. Dat een dierft op kee Fall mat deem anere vermëscht ginn, soen déi, déi sech ëm d’Grott bekëmmeren.

D'Rosa Mystica gëtt hei veréiert.
© RTL

D’Josette Kieffer, huet eng Rosa Mystica, wat eng Wandermuttergottes ass, bei sech doheem. Si war reegelméisseg dobäi, wann hire Gebietsgrupp sech, all 13. vum Mount, an der Keeler Kapellche getraff huet, fir do ze bieden. Och si an de Paulo Mira, deen e Schlëssel huet, wëllen d’Keeler Erscheinunge vun hirer Rosa Mystica getrennt hunn.

An awer schéngt d’Josette Kieffer op dëser Plaz, méi ze gesinn. Mir zitéieren: "Déi Kapell ass gebaut ginn zu där Zäit, wou zu Keel déi Erscheinunge waren. Dat ass fir mech eng Plaz... well d’Muttergottes ass op där Plaz och erschéngen, do. Et ass eng Plaz, déi ganz wäertvoll ass a mir benotzen déi, wa mir eis mat der Rosa Mystica treffen."

Eent vun de Keeler Kanner, haut d’Madamm Milly, huet deemools vum Klerus en Neen héieren, an huet decidéiert, hir Erfarunge fir sech ze halen, also einfach net méi driwwer ze schwätzen.

Iwwregens: Fir d’Muttergotteserscheinungen als wierklech oder erfonnt kënnen anzestufen, huet Roum sech 2024 nei Krittäre ginn.

Back to Top
CIM LOGO