Éischt Keynote vun neiem Apple-Chef John TernusiPhone Duo fir zesummenzeklappe virgestallt

RTL mat AFP
Kuerz no 19 Auer Lëtzebuerger Zäit e Mëttwochowend waren d'Ae vun der Tech-Welt a Richtung Cupertino a Kalifornien geriicht.
Den neien iPhone Duo
Den neien iPhone Duo
© BENJAMIN FANJOY/Getty Images via AFP

Dat fir déi éischt Apple Keynote vum neie CEO John Ternus. Am Virfeld goung rieds dovun, dass Apple e Mëttwoch e Modell vum iPhone géing weisen, deen ee kéint zesummeklappen.

Ma direkt fir den Ufank vun der Presentatioun vun den neie Produiten huet den Tim Cook als éischt Mol säi Posten als CEO vun Apple dann och offiziell un den John Ternus iwwerginn.

Duerno goung et dann awer mat der Presentatioun vun den neien digitalen a physeschen Apple-Produite weider. Den Optakt huet de gewéinlechen iPhone 18 gemaach. An dësem verbaut Apple den neien A-20-Pro-Chip. Eng däitlech Verbesserung gëtt iwwerdeems bei der Lafzäit vum Akku annoncéiert. Mam neien iPhone soll ee bis zu 36 Stonne Video um Stéck kënne kucken, mam neien iPhone Max solle souguer 45 Stonnen dra sinn. Donieft gëtt d'Dynamic Island méi kleng a Siri an d'Kamera sollen dank AI nach méi performant ginn, woubäi bei der digitaler Assistentin eng Partie KI-Features bis op Weideres nëmme wäerten op Englesch goen.

Weider goung et mat der fënnefter Generatioun vun den AirPods. Dës solle 50 Prozent besseren Noise cancelling hunn a geschwate Sätz live kënnen iwwersetzen. Och neie Generatioune vun der Apple Watch wäerte kommen.

Schliisslech gouf et dann déi grouss Nouvelle: Mam iPhone Duo kënnt e Smartphone vun Apple, deen ee kann zesummeklappen, op de Maart. Dëse wäert ee souwuel den horizontalen, wéi och de vertikale Wee kënnen notzen. Dat soll esouwuel mam Fanger ewéi och mat engem Pencil goen. Donieft ass Apple Touch ID an der Säit vum iPhone Duo integréiert. Domat gëtt et elo nees en iPhone mat Fangerofdrock-Sensor.

Back to Top
CIM LOGO