Zu Rülzheim a Rheinland-Pfalz Zwee kleng Kanner vun 2 an 3 Joer ausgebéchst, fir "nei Schong ze kafen"

Claude Zeimetz
D'Policebeamten hunn net schlecht gestaunt, wéi se déi zwee kleng Kanner an hire Pampersen op der Gare zu Rülzheim fonnt hunn.
Ausser hirer Pampers haten déi zwee Däbbesse just nach eng Decken dobäi.
Ausser hirer Pampers haten déi zwee Däbbesse just nach eng Decken dobäi, wéi se sech op de Wee gemaach hunn, fir shoppen ze goen.
© FRISO GENTSCH/dpa Picture-Alliance via AFP

Si soten de Beamte se wieren ausgebéchst fir "nei Schong ze kafen". D'Police huet e Samschdeg de Moien zwee kleng Kanner am Alter vun 2 an 3 Joer op enger Gare zu Rülzheim a Rheinland-Pfalz fonnt.

D'Däbbesse waren ouni Elteren ënnerwee an hate just eng Pampers un an eng Decken ronderëm sech.

Si goufen, wéi d'Police e Sonndeg de Moie matgedeelt, fréi moies géint 6 Auer fonnt. Den éischten Informatiounen no, ware se doheem ugedréckt, ouni datt d'Elteren et gemierkt hunn. Déi hu weider geschlof. Béid Kanner goufen ënnersicht an duerno nees zréck heem bruecht. D'Autoritéiten hunn awer och d'"Jugendamt" informéiert.

Back to Top
CIM LOGO