Ausgedréchent DonauDréchent bréngt Mammut-Schanken zum Virschäin

AFP, iwwersat vun RTL
Déi extreem niddreg Peegelstänn an der Donau hunn a Bulgarien Kieferschanken an Deeler vun de Stousszänn vun engem Mammut fräigeluecht.
Die extrem niedrigen Pegelstände in der Donau haben in Bulgarien einen Kieferknochen und Teile der Stoßzähne eines Mammuts freigelgt. Die Knochenteile gehörten laut Experten "sehr wahrscheinlich" einem Mammut der Eiszeit.
Déi extreem niddreg Peegelstänn an der Donau hunn a Bulgarien Iwwerreschter vun engem Mammut un d'Uewerfläch bruecht.
© Rousse Regional Historical Museum/AFP

D'Schankendeeler hätte "ganz warscheinlech" engem Mammut aus der Äiszäit gehéiert, sot den Direkter vum Regionale Geschichtsmusée, den Nikolay Nenow, en Donneschdeg der AFP. D'Iwwerreschter goufen an der Géigend vun der Stad Ruse am Nordoste vum Land am Flossbett fonnt.

Den Nenow geet dovunner aus, datt d'Déier zum Zäitpunkt vu sengem Doud nach jonk war. Nieft den Zänn goufen dem Direkter no och Deeler vun engem Schëllerblat a vun enger Uewerschenkel-Schank fonnt. Déi donkel Faarf vun de Schanken deit dorop hin, datt dat jonkt Mammut vill Zäit a sumpfege Gebitter verbruecht huet, esou de Museeésdirekter.

Fir Archeologen ass et eng glécklech Decouverte: d'Schanke si gutt erhalen. Anescht wéi aner Mammut-Iwwerreschter wiere se iwwerdeems och un der nämmlechter Plaz fonnt ginn. Et dierft een also dovunner ausgoen, datt se zu just engem Déier gehéieren, esou den Nenow. Een Duerfbewunner vu Ryahowo hat d'Schanken e Mëttwoch zoufälleg entdeckt, ier se en Donneschdeg an de Musée bruecht goufen.

D'Donau huet wéinst der Dréchent an e puer Hëtztwellen hannerteneen zanter Mee an e op enger Rei Plazen ee Rekord-Déifstand erreecht. A Rumänien goufe wéinst den nidderege Peegelstänn, an dem Killwaasser, wat dowéinst ausbleift, schonn zwee Atomreaktere vum Netz geholl.

Back to Top
CIM LOGO